Den 11. Abrëll 1961 huet an Israel den Eichmann-Prozess ugefaangen. Et war den éischte Prozess an der Geschicht, dee weltwäit mediatiséiert ginn ass.

Den Adolf Eichmann, dee responsabel ass fir Deportatioun an den Doud vu Millioune Judden am zweete Weltkrich, ass viru Gericht a 15 Punkten ugeklot ginn, dorënner Verbrieche géint d’Mënschlechkeet. Den Adolf Eichmann ass bis haut d’Representatioun vum Béisen a Persoun. Am TNL gëtt den Ament Theaterstéck "Eichmann" gespillt, wou awer net just de Geriichtsprozess eng Roll spillt. D’Journalistin a Philosophin Hannah Arendt huet den Adolf Eichmann als gréisste Verbriecher senger Zäit bezeechent. D’Hanna Arendt huet de Geriichtsprozess an Israel materlieft an driwwer geschriwwen. E Bericht, aus deem och den Ausdrock "Banalitéit vum Béisen2 opkënnt. Am Theaterstéck Eichmann spillt de Personnage vun der Journalistin an Philosophin eng wichteg Roll.

"D’Hannah Arendt huet vill iwwert den Totalitarismus nogeduecht an ass dofir och eise roude Fuedem an der Geschicht vum Theaterstéck. Si hannerfreet, lancéiert eng Enquête a mécht verschidden Dieren op fir ze verstoen, wéi de System sech iwwerhaapt konnt esou entwéckelen. E System, deen zu der Deportatioun an Ermordung vu Millioune Judden gefouert huet." (Gilles Guelblum – Auteur vum Theaterstéck)

Den Text vum Theaterstéck baséiert ënner anerem op den Temoignagen, dem Eichmann senge Memoiren an dem Geriichtsprozess. Fir d’Createure vum Stéck war et wichteg, dem Eichmann säin Personnage ze erfaassen an domat och d’Komplexitéit vum Mënsch thematesch opzegräifen.

"Et sinn eng jett Bicher iwwert den Adolf Eichmann geschriwwe ginn. Seng Psychologie ass analyséiert ginn, genau sou wéi säi Verhalen wärend dem Prozess a Jerusalem a bis haut weess een awer nach ëmmer net, wien de Mënsch Eichmann war." (Serge Wolfsperger – Regisseur)

Wéi geet een als Schauspiller un esou eng Roll erun ? Eng Fro, déi sech och de Marc Baum, deen den Adolf Eichmann spillt, gestallt huet.

"Aus den Temoignagen a Berichter, déi ech gelies a gekuckt hunn, huet sech e ganz widderspréchlecht Bild vum Eichmann ofgezeechent. Ech sinn esou un d’Figur Eichmann erugaangen, andeems ech seng widderspréchlech Manéier probéieren ëmzesetzen.» (Marc Baum – Schauspiller)

Bis de 27. Januar gëtt Eichmann am TNL gespillt an den 2. an 3. Februar op der Schmelz zu Diddeleng.