Den däitschen Acteur huet a senger Karriär a ronn 75 Filmer matgespillt. Am Alter vun 93 Joer ass den Hardy Krüger elo a Kalifornien gestuerwen.

Dat huet seng Agentur matgedeelt, déi sech op seng Fra berifft. De Krüger zielt als ee vun den erfollegräichsten däitschen Acteuren an den 1950er an 1960er. Duerch Filmer wéi "Die Brücke vun Arnheim",  "Barry Lyndon" oder "Hatari" gouf hie weltberüümt. Nieft senger Filmkarriär war hien och als Auteur täteg an huet eng Dose Bicher geschriwwen an huet och divers Synchronspriecherrolle fir Filmer an Audiobicher iwwerholl.

Privat war hien och vill ëffentlech engagéiert. Seng Jugend war vum zweete Weltkrich gepräägt, hie gouf als Eberhard August Franz Ewald "Hardy" Krüger den 12. Abrëll 1928 bei Berlin gebuer, esou datt hie sech vill Jore aktiv géint de Rietsextremismus agesat huet an ënner anerem d'Amadeu Antonio Stëftung ënnerstëtzt huet.

A senger Karriär als Schauspiller huet hien divers haapstächlech däitsch Präisser gewonnen, dorënner zwee Bravo Ottoen, een däitsche Filmpräis an eng gëlle Kamera. 2001 gouf hien zum Ritter vun der franséischer Éierelegioun geschloen an 2009 krut hien dat "Großes Verdienstkreuz der Bundesrepublik Deutschland".

Den 19. Januar 2022 ass den Hardy Krüger am Alter vun 93 Joer a Kalifornien gestuerwen.