De mexikanesche Realisateur Guillermo del Toro ass bekannt fir sensibel Kreaturen a senge Filmer ze erfannen an, an Zeen ze setzen.

A senge vergaangenen originale Filmer wei "Pan’s Labyrinth" oder "The Shape of Water" daucht de Spectateur an eng fantastesch Welt an. Dëst ass am "Nightmare Alley", deen zënter e Mëttwoch an de Kinoen uechter d'Welt leeft et anescht.

De Stanton ass e jonke Kärel mat enger düsterer Vergaangenheet an ouni Zukunft. Wärend deem an Europa den zweete Weltkrich ausbrécht, fënnt hien op enger skurriller Kiermes en Daach iwwert dem Kapp. Vum ale Pete, deen ëmmer nees ze déif an d'Fläsch kuckt, léiert hien d’Konscht vum Mentalismus a verléift sech an dat scheit an elektriséierend Molly. Zesummen zéien déi zwee uechter Amerika, fir mat hirer verfeinerter Mentalismus-Show dat grousst Geld ze maachen. De Stanton verléiert awer no an no de Bezuch zur Realitéit a spillt mat de Mënschen hiren Emotiounen an hirem Leed, bis hien op eng mysteriéis Psychologin trëfft, där hien net gewuess ass.

"Nightmare Alley" ass eng Adaptatioun vum William Lindsay Gresham sengem Roman aus dem Joer 1946. Wéi gewinnt ass och dëse Film vum "Hellboy"-Realisateur Guillermo del Toro voll mat skurrille Wiesen a fantastesche Personnagen. Eng kontrastéiert Ästhetik, déi staark vun der Traditioun vum Film Noir markéiert ass, zéckt net, de Personnagen hir düster Säite ze virbildlechen.

Trotz enger Lafzäit vun 150 Minutten zitt den Del Toro den Zuschauer a säi Bann duerch seng virtuos Kamera, déi ëmmer a Beweegung ass. Eng simplistesch an extrem previsibel Intrig dréit awer leider net zur Spannung bäi an dësem atmosphäresche Film, dee virun allem vun de verblüffende Schauspiller Performance vum Bradley Cooper an dem Cate Blanchett profitéiert. Nightmare Alley schéngt e Film aus enger vergaangener Zäit ze sinn, dee mat den technesche Moyene vun haut gemaach gouf, ma dee nach laang net esou perséinlech oder sensibel ass, wei dem Guillermo del Toro seng fréier Filmer.