Dat huet d'Famill vum Museker via Facebook matgedeelt.

De bekannte Sänger ass an der Nuecht vum 20. op den 21. Januar am Alter vu 74 Joer gestuerwen, dat un der Säit vu senger Fra. Och seng zwee Meedercher a seng gutt Frënn waren déi lescht 24 Stonne beim Sänger.

Déi genee Doudesursaach vum Grammy-Gewënner ass nach net bekannt, mä hien hat scho laang Problemer mam Häerz.

De Meat Loaf, mam richtegen Numm Marvin Lee Aday, war den 27. September 1947 gebuer ginn a war ënnert anerem fir Lidder ewéi "I would do anything for love" oder "Bat out of hell" bekannt. Nieft senger Musekskarriär, an där hien iwwer 100 Milliounen Albume weltwäit verkaf huet, huet de Meat Loaf och a ronn 65 Filmer matgespillt, dorënner "Fight Club", "Rocky Horror Picture Show" a "Wayne's World".