Zënter e puer Jore gesäit een ëmmer méi dacks, datt al Haiser an temporär Konscht-Galerien verwandelt ginn – esou elo och zu Peppeng.

Am Kader vum Projet Ren-Art weise Kënschtler aus deene verschiddensten Disziplinnen an de Raimlechkeete vu engem fréiere Méi-Generatiounen-Haus, wat se wëllen a wat se kënnen – vum Stall bis op de Späicher.

Eng Skulptur an eng Affiche loossen een erroden, wat een hannert de Gemaier vun dësem ale Bauerenhaus erwaart. Et ass ee reegelrecht Konscht-Labyrinth, kreéiert vu ganzer 32 Kënschtler, déi hei hirer Kreativitéit fräie Laf loosse konnten. Mam Projet Ren-Art wollt d'Anouk Kieffer dem Familljenhaus vun hire verstuerwene Grousseltere virun engem zukünftegen Ëmbau nach eemol ee ganz neit Liewen anhauchen. Schonn etabléiert, ma och nach éischter onbekannte Kënschtler stellen hei hir Konscht aus. De Gilles Lanners zum Beispill huet sech mat deene verschiddenste Faarwen a Formen an engem fréieren Toilettëraum defouléiert. D'Minela Kocan befaasst sech an hire Biller am Stil vu Kannerzeechnungen, mat deene verschiddenste philosopheschen, etheschen a gesellschaftskriteschen Themen.

Nieft deene ville Konschtwierker, déi een hei entdecke kann, gëtt een awer och eppes iwwer d'Geschicht vum Haus gewuer, dat zënter 1810 existéiert. Fir d'Anouk Kieffer an hir Famill ass dëst een immens perséinleche Projet, dee mat villen Erënnerungen an Emotioune verbonnen ass. Al Familljefotoen, ma och Biller, déi weisen, wéi déi eenzel Raim fréier ausgesinn hunn, loossen och de Visiteur dës Intimitéit spieren. Wien elo virwëtzeg ginn ass, dee ka sech dës Ausstellung nach um Samschdeg vu 15 bis 23 Auer an e Sonndeg vu 14 bis 19 Auer an der Rue des Ponts zu Peppeng ukucken. Och hei gëllt den 2G+.