E Samschdeg war d'Première vum Larisa Faber sengem neien Theaterstéck "Papercut".

2015 huet d'Affär héich Wellen hei am Land geschloen. Eng Rëtsch Enseignantë vun Iechternach an de Mann vun enger vun den Enseignantë koume viru Geriicht well si d’Äntwerte vum Opnamexame fir de Lycée u verschidden Eltere weiderginn hunn, deenen hir Kanner den Examen dat Joer gemaach hunn.

Am Larisa Faber hirem neien Theaterstéck "Papercut" gëtt dëse Skandal op der Bün thematiséiert. Heivir huet sech d'Lëtzebuerger Schauspillerin a Schrëftstellerin iwwer déi lescht zwee Joer mat der Affär auseneegesat. Vue, dass si zum Ament vun de "School Leaks" selwer am Iechternacher Lycée war, krut si d'Affär hautno mat. Hir Hannergrënn, fir d'Stéck ze schreiwen, wieren also an éischter Linn perséinlech gewiescht.

Sou huet sech d'Larisa Faber vill op Konversatioune baséiert, déi si mat der Franséischproff Danielle Hoffelt hat, déi an déi ganz "School Leaks"-Affär involvéiert war. Trotzdeem wier "Papercut" net als Documentaire unzegesinn. D'Geschicht ass als "Late Night Talkshow" verpak. Deemno baséiert d'Majoritéit vum Stéck sech op zwou Persounen: d'Presentatrice vun der Talkshow, gespillt vun der brittescher Actrice Andrea Hall, an de Gaascht, dee vum Sascha Ley verkierpert gëtt an dee fir d'éischt Kéier iwwer "School Leaks"-Affär zielt. Vue, dass d'Larisa Faber d'Geschicht mat esou ville linguistesche Communautéite wéi méiglech wollt deelen, huet si d'Theaterstéck op Englesch verfaasst.

D'Stéck "Papercut" leeft nach bis den 29.Januar am Mierscher Kulturhaus. Nächste Freideg ass dann och nach eng Schoulvirstellung.