Hien huet um Design vun "Le Cinquième Élément" geschafft a gouf fir seng Biller fir "Valerian & Veronique" berüümt. Mat 83 Joer ass hie lo vun eis gaangen.

1938 ass de Jean-Claude Mézières zu Paräis gebuer. Scho wärend sengem Konschtstudium an der École des Arts Appliqués huet hie fir verschidde franséisch Comics gezeechent, dorënner "Coeurs Vaillant" a "Spirou". 1965 ass hien an d'USA gaangen, wou hien als Cowboy geschafft huet. Hei huet hien och säi Kolleeg Pierre Christin op der Uni vu Utah kennegeléiert.

Richteg bekannt gouf hie schliisslech duerch "Valerian & Veronique" - ee vun de wichtegste frankobelsche Science-Fiction-Comics. Zesumme mam Pierre Christin huet hien d'Serie entwéckelt, an där een Aventurë mat Action, Aliens an aussergewéinlechen ausserierdesche Kulturen a Welte gebuede krut. 1984 gouf de Jean-Claude Mézières fir dës Aarbecht mam Grousse Präis vum Festival zu Angoulême geéiert.

Den Design fir de Film "Le Cinquième Élément" vum Regisseur Luc Besson huet hien zesumme mam Jean Giraud, och bekannt als Möbius a franséische Comiczeechner a -scenarist, entwéckelt. Ma och aner Science-Fiction-Filmer goufen u senge Biller inspiréiert: Vill Motiver vu "Star Wars" hu sech a senge Comicbicher erëmfonnt.

2017 ass mat "Valerian" d'Verfilmung vu sengem Science-Fiction-Epos erauskomm. Och dës mam Regisseur Luc Besson. Ee Joer méi spéit huet de Jean-Claude Mézières eng extra Auszeechnung fir säi Liewenswierk vum Max-und-Moritz-Präis kritt.

RTL

De Pierre Christin an de Jean-Claude Mézières. / © AFP/Archives/JOEL SAGET