Geschichten op eng aner Manéier erzielen – dat gëtt den Ament an de Rotondë grouss geschriwwen.

Am Kader vun hirem Programm Fabula Rasa gesäit een hei fir déi drëtte Kéier d’Ausstellung "Augmented Books". Hei gëtt gewisen, datt de Medium Buch bei wäitem méi ka sinn wéi just Text op Pobeier. Geschichten erzielen an dat an erweiderte Formen.

Vun Decoupagen, Pop–up-Bicher bis hin zu enger erweiderter Realitéit. D’Buch vun haut ka villes. Mat Augmented Books weisen d’Rotonden, wéi eng Dimensiounen e Buch ka kréien, wann en aus sengem Kader erausgeet – narrativ oder visuell. Mëttlerweil hunn d’Rotonden eng Bibliothéik mat ëm déi 200 Referenzen fir de jonke Publikum. An der Ausstellung kann een eng Selektioun dovunner entdecken. 9 Projete stinn dann zousätzlech am Fokus.

Wéi een e Buch mat Hëllef vun enger Installatioun erweidert, weist de Projet "Dans la Lune" vun der franséischer Graphikdesignerin Fanette Mellier. D’Buch u sech spillt mat der Drocktechnik vun der Serigraphie, wou de ganzen Zyklus vun engem Mound illustréiert gëtt. Eng Technik, déi sech op den 31 Panneauen am Raum erëmfënnt.

Et si Bicher, déi Plaz brauchen, fir sech ze entfalen an déi duerch d’Manipulatioun vum Visiteur zum Liewen erwächt ginn. Fir d’Ekipp vun de Rotonden ass et wichteg, deem Genre vum Buch eng Expo ze widmen an domat och ëmmer erëm nei Bicher ze entdecken.

Bis de 6. Februar kann een dës erweidert Welt vun de Bicher an d’Rotonden entdecke goen.