De 26. Februar ass de grousse REMIX Opening. Virop gouf e Mëttwoch op enger Pressekonferenz confirméiert, datt eng 25.000 Spectateuren dobäi dierfe sinn.

Pressekonferenz Ouverture Esch 2022 / Reportage Valeria Wiwinius

D'Thema vun der Pressekonferenz war d'Ouverture vun Esch2022. Dës ass de 26. Februar, also e knappe Mount ewech. E knappe Mount virun der grousser Ouverture géifen et nach vill Chantiere ginn – genau wéi am Ariston, dem fréiere Kino, dee grad als Theatersall ëmgebaut gëtt a wou d’Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien ofgehale gouf.

Trotzdeem wier ee ganz optimistesch an de Programm géif och stoen. „Participatioun an Immersioun“ ginn um Dag vun der Ouverture ganz grouss geschriwwen  Jiddereen ass dann och invitéiert bei der grousser Ouverture mat dobäi ze sinn an un de verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen, den Ticket dofir koum an all Bréifboîte. D’Virfreed bei den Organisateure wier grouss, esou d’Françoise Poos, kulturell Programmdirektesch vun Esch2022.

Jiddereen, dee sech fir d’Ouverture aschreift gëtt dann duerch e Quiz enger Kategorie zougeuerdent. Déi decidéiert dann, wéi eng Aufgaben een deen Owend z’erfëllen huet. D’Zil ass awer fir all Participanten dat nämmlecht: an zwar genuch Energie ze sammele fir eng virtuell Rakéit ze lancéieren.

Niewent der Rakéit ginn et och nach eng Rëtsch Luuchteshowen, Video-Installatiounen, an 18 Concerten, déi iwwer 4 Büne verdeelt sinn – als Bonus ginn et och nach 2 weider Concerte vu jeeweils enger Stonn an der Rockhal. E Mëttwoch de Moie koum och den Accord vun der Santé, dass déi geplangte 25.000 Leit dierfen derbäi sinn. Dat hunn d'Organisateuren e Mëttwoch bei der Pressekonferenz am Ariston, dem ale Kino, dee grad an en Theatersall ëmgebaut gëtt, confirméiert. 5.000 dovunner am Zentrum vun Esch, de Rescht um Belval. Bis elo hätte sech eng 5.000 Leit ugemellt. Um ganze Site gëllen deen Owend den 2G+ an d’Maskeflicht. Den Dag no der Ouverture geet et dann och direkt viru mam Lancement vun „Hacking Idenity – dancing diversity“ – dat ass déi éischt grouss Ausstellung am Kader vun Esch2022. Méi Informatiounen an Tickete fir d’Ouverture vum 26.Februar ginn et op hirem Site esch2022.lu.

Fannt hei de Communiqué iwwert d'Presentatioun vum "REMIX Opening".

"Remix Culture": Zesummen a Richtung Innovatioun goen

Wat mécht eng Regioun méi aus, wéi d'Leit, déi do liewen. Ma genee dat hu sech och d'Organisateure vun Esch2022 geduecht. De ganze Programm, dee sech iwwert e ganzt Joer wäert zeien, ass drop opgebaut, dass souwuel d'Kënschtler an d'Kënschtlerinnen, ma och déi 200.000 Awunner aus der Regioun aktiv um Projet kënne matschaffen. Et soll en Erliefnis ginn, dat d'Weiche fir d'Zukunft stelle soll.

Esch ass den Zentrum vun der ganzer Regioun, wou am ganzen 19 Gemengen aus Lëtzebuerg a Frankräich dru bedeelegt sinn. Europäesch Kulturhaaptstad sinn, bedeit, dass een iwwert ee Joer international Opmierksamkeet kritt, déi een och ka fir d'Zukunft notzen. Sou wëll een zum Beispill den Tourismus am Süde vum Land promovéieren an och Zeeche setzen, fir Nohaltegkeet an eng Mobilité douce. An dat alles ënnert dem Deckmantel vun der Kultur. Iwwer 2.000 Evenementer wäerten an deenen 10 Méint ofgehale ginn. Villes wier awer dofir ausgeriicht, fir duerno bestoen ze bleiwen. Et soll en Ustouss ginn, fir d'Regioun, fir sech nei ze vermëschen. Dofir och den Titel "Remix Culture".

Ëmmerhin schafft Esch schonn 7 Joer un deem Projet. 2015 gouf de Projet bei der europäescher Kommissioun agereecht, 2017 krut d‘Stad Esch de Label vun der europäescher Kulturhaaptstad an eréischt 5 Joer drop, 2022 ass et elo souwäit.

Zil wier et, dass Esch 2022 dës Regioun attraktiv fir den Tourismus géing maachen a soumat Esch an d'Südregioun international méi bekannt a beléift fir Reese mécht. Um lokale Niveau wéilt een domadder d'Zesummeliewe stäerken, Vertrauen opbauen a Perspektive wiesselen, fir dass een zesumme kann a Richtung Innovatioun goen.

Esch, Kaunas an Novi Sad: 3 Kulturstied fir 2022

Leschte Weekend war d’Ekipp vun Esch2022 dann op der grousser Ouverture zu Kaunas a Litauen. Ee Moment fir de Bols ze fillen an ze kucken, wat d’Partnerstied als Programm ubidden.

Iwwert 60 Stied haten zënter 1985 schonn den Titel vun der europäescher Kulturhaaptstad. Dëst Joer kruten nieft Esch dann och Novi Sad a Serbien sou wei Kaunas a Litauen d'Chance, hir Stad kulturell ervirzehiewen.

Den Austausch tëschent de verschiddene Kulturstied ass e wichtegen Aspekt. Fir d’Ouverture zu Kaunas huet zum Beispill déi lëtzebuergesch Kënschtlerkoppel Martine Feipel a Jean Bechameil hir Aarbecht an enger Eenzelausstellung gewisen. Hei gëllt: Kultur als europäesche Motor.

De Programm vun enger Kulturhaaptstad gëtt Joren am Viraus geplangt, ëmsou méi grouss ass Spannung an Opreegung virun der eegener grousser Ouverture.

Genee an engem Mount begréisst Lëtzebuerg da seng serbesch a litauesch Partnerstied zu Esch an an de Südgemengen. Ma jiddereen kann Deel huelen un dësem groussen Event, zu Esch am Zentrum wéi och um Belval, an et wäert de Startschoss si fir ee gefëllt kulturellt Joer.