Am Kinotipp vun dëser Woch dréit alles sech ëm modern Piraten an ëm e ganz ale Safe deen e wäertvolle Schatz an der Bank vu Madrid soll beschützen.

"Way Down" ass eng franséisch-spuenesch Co-Produktioun mam Freddie Highmore. De Loïc Tanson mat weideren Detailer zu dësem Bankiwwerfallsfilm.

Wärend der Fussball Weltmeeschterschaft am Joer 2010 gëtt e jonke brillanten Cambridge Akademiker vun enger Band vu Piraten ugehéiert fir de sécherste Safe vun der Welt, an der Bank vu Madrid, ze knacken. Intrigueiert vun der Erausfuerderung léisst den Thomas sech d’Chance net huelen sech mat der mysteriéiser Technologie vum Safe ze moossen, och wann dat heescht säi Liewen op d’Spill ze setzen.

"Way Down" ass en typeschen Bankiwwerfallsfilm, e sougenannten "Heist-Movie" deen sech an Traditioun vun "The Italien Job"  oder "Ocean's Eleven"  aschreift. Dës franséisch-spuenesch Produktioun liwwert dann och wat se versprécht. Eng gutt Portioun Spannung, Action an deen een oder anere gutt placéierte Witz. Et ass um Niveau vun de verschiddene a vum Casting wou et am Way Down awer manner iwwerzeechend gëtt. Suwouel den Haaptprotagonist wéi seng Akolythen si ganz graff ëmrass ouni wierklech jee kredibel ze ginn. Do hëlleft et net datt de ganz schwaachen Haaptprotagonist vum Acteur Freddie Highmore, deen een aus der Serie "The Good Docter" kënnt, gespillt gëtt, an deen an der Haut vum Genie deen zum Déif gëtt ni wierklech iwwerzeegt.

"Way Down" ass soss awer e gelongene Versuch de séilegen amerikanesche Virgänger aus dem Heist Movie Genre gerecht ze ginn a fir eng gutt rhythméiert Ënnerhalung ze suergen.