Klassiker aus der Literatur op der Theaterbün vun haut, dat ass zum Deel eng Konstant awer och eng Erausfuerderung.

Hei stellt sech d'Fro: Wéi aktuell ass d’Geschicht nach a wat ka se dem Publikum vun haut soen? Zu Beetebuerg spillt de Kaleidoskop-Theater den Ament dem Büchner säi "Woyzeck".
Eréischt 80 Joer no sengem fréien Doud ass dem Georg Büchner säin Textfragment "Woyzeck" 1913 uropgefouert ginn. Zënter deemools taucht et als Theaterklassiker ëmmer nees an neie Mise-en-Scènen op.

D'Stéck erzielt d'Geschicht vum reelle Personnage an Zaldot Woyzeck, deen zu Leipzig no engem Mord zum Doud verurteelt gouf. Am Stéck begéint een engem Personnage, dee probéiert, sech a seng Famill ze ernären, awer vu villen ausgenotzt an ënnerdréckt gëtt, vu sengem Hauptmann, sengem Kolleeg, sengem Dokter an um Enn senger Fra Marie. Persounen, deenen hiert Schicksal och haut kéint geschéien.

Intressant fir de Regisseur Jean-Paul Maes ass, datt de Mënsch allgemeng aus der Geschicht an aus all den Erfarunge bis haut näischt geléiert huet.

Och wann d’Theematik zäitlos schéngt, d'Inzeenéierung weist e gegléckten zäitgenëssesche Geescht, dat Dramatescht gëtt mat erfrëschende schauspilleresche Momenter ënnerbrach, an duerch d’Roll vum Museker, dee wéi e Marionetten-Spiller d'Personnagen duerch hir Rollen zitt.