Mat der romantescher Komedie "Marry Me" versicht d'Haaptduerstellerin Jennifer Lopez e mëttlerweil vergiessene Filmgenre nees opliewen ze loossen.

Ob dat gelongen ass, verréit de Loïc Tanson mam Kinotipp vun dëser Woch.

D'Kat Valdez an de Bastian si Popstaren, déi sech live virun hirem Publikum solle bestueden. Wann d'Kat, gespillt vum Jennifer Lopez, kuerz virun der Hochzäit erausfënnt, datt de Bastian hir friemgeet, entscheet si sech aus dem Bauch eraus, en Onbekannten aus dem Publikum a senger Plaz ze bestueden. Hire Choix fält op en einfache Mathesproff, dee vum Owen Wilson gespillt gëtt. Aus engem Bauchgefill gëtt ënnert dem Bléck vu Millioune vu Followers eng eenzegaarteg Libesgeschicht.

"Marry Me" ass e klore de Versuch, de Filmgenre vun der sougenannter Romcom, deen an de 90er Joren e grousse Succès konnt verzeechnen an zënterhier nawell a Vergiessenheet geroden war, nees opliewen ze loossen. Dëst geléngt dem Jennifer Loper an dem Owen Wilson och op ergräifend Manéier, well déi zwee Hollywood-Schauspiller eng onverkennbar a staark Relatioun kënnen opbauen.

Et ass am Versuch, de Film an der aktueller iwwerspëtzter Mediatisatioun ze verankeren, an anere Wierder: d'Dominanz vun de sozialen Netzwierker ze verurteelen, wou dës Romcom sech selwer verréit, zemools, well een d'Impressioun kéint hunn, datt "Marry Me" virun allem als grousse Publicitéitsspot geduecht ass, fir nei Lidder vum JoLo ze promoten.

Iwwert den Aspekt vum sougenannte Product Placement eraus, ass "Marry Me" eng Romcom, déi engem wéi eng Zäitrees an d'90er Jore virkënnt. D'Chimie tëschent den Haaptduersteller stëmmt wuel, ma "Marry Me" spillt bewosst mat all de Clichéë vun der Romcom an ass souwuel a senge romanteschen, wéi a senge witzege Momenter um Rendez-vous.