De Patrick Miranda huet déi lescht 5 Méint domat verbruecht un engem neie Lidd a Collaboratioun mat der Ligue ze schreiwen. D'Resultat léisst sech weisen.

Rieds geet vun "y in you", e Lidd, an deem d'mental Gesondheet erëm am Mëttelpunkt steet. Dat war och schonn de Fall bei sengem Debutalbum "in the mood for super dark times". Dëse war am Oktober 2021 erauskomm. Zanterhier huet de Patrick Miranda, alias Pleasing, sech fest an der Lëtzebuerger Musekszeen etabléiert. Am Géigesaz zu sengem Album geet et bei "y in you" awer net nëmmen ëm seng eegen Experienzen, mä och ëm déi vu 6 weidere Persounen, déi duerch d'Ligue Lëtzebuerg op dëse Projet gestouss sinn.

D'Ligue ass eng ambulant Psychiatrie, déi Leit ënnert d'Äerm gräift, déi mat hirer mentaler Gesondheet ze kämpfen hunn. An dësem Kader bidde si de Leit dann och un, u kreative Projeten a Workshoppen, wéi deem hei Deel ze huelen. "y in you" ass d'Resultat vu 6 Sëtzunge vun 2 Stonnen tëschent dem Pleasing an deene 6 Participanten, wou si sech iwwer hir Gedanken, Erfarungen a Wënsch ausgetosch hunn. All Mënsch konnt dat bäidroen, wat e wollt.

"Mir war et immens wichteg, dass d'Leit sech wuel fillen a wëssen, dass si kënne soen, wat si denken a fillen, mä et och net mussen, wa si dat net wëllen", esou de Pleasing.

RTL

© Samantha Wilvert

Obschonns hien am Lidd eng fir hien typesch Thematik opgräift, ënnerscheet sech "y in you" vun allem, wat de Pleasing bis dato erausbruecht huet - dat dann, souwuel vun der Dauer hier (d'Lidd ass iwwer 7 Minutte laang) wéi och vum Klang. Dat wier awer och esou gewollt gewiescht.

"Ech mengen dat kënnt engersäits dohier, dass et eng Collaboratioun tëschent verschiddene Leit war a virun allem och, Leit déi normalerweis net an der Musekszeen aktiv sinn. Si hunn zwar gäre gesongen a verschiddener konnten och Instrumenter spillen, mä et war net sou, wéi wann ech mat engem anere Museker geschafft hätt, dee säin eegene Sound scho mat un den Dësch bréngt. Mä grad dat huet et esou speziell gemaach. Ech hunn zwee Sätz zum Text bäigedroen - de Rescht hunn d'Collaborateure gemaach. Mäi Roll war et éischter, z'observéieren, z'analyséieren, nozelauschteren an dat dann zu engem Lidd zesummenzesetzen. Ech wollt si bei dësem Wee begleeden an net hinnen e Wee virginn."

De ganze Prozess huet 5 Méint gedauert, also e gutt Stéck méi laang wéi déi 2 bis 3 Méint, mat deene se ufanks gerechent haten. De Momentum vum Lidd, dat e Freide schonn erauskomm ass, geet elo awer nach weider. E Museksvideo wäert et net ginn. E Méindeg den Owend koum awer e kuerzen Documentaire eraus, dee wärend enger vun hire Sëtzungen opgeholl gouf, an en Abléck hannert d'Kulisse gëtt.