No 7 Joer als Animateur bei Pixar huet de gebiertege Lëtzebuerger sech fir säin éischte Film un der griichescher Mythologie inspiréiert.

Méi spezifesch: um Ikarus.

Der Legend no, huet den Ikarus zesumme mat sengem Papp, dem Daedalus, op der griichescher Insel Kreta gelieft. Den Daedalus huet en Talent fir Saachen ze bauen. Sou huet hien d’Knossos-Labyrinth ausgeschafft, wou de Minotaurus dra gefaange gehale gëtt. Well hien awer deen Eenzegen ass, deen d’Labyrinth kennt, huet de Kinnek Minos dunn den Daedalus gefaange geholl, fir sécher ze goen, dass de Stéier ni entkomme wäert.

Fir dëser Gefaangenschaft en Enn ze setzen, gouf et dem Daedalus no, just ee Wee: Kreta verloossen. A fir dat ze maachen, huet hie fir sech a säi Bouf, den Ikarus, Flilleke gebaut, fir dass si fortfléie kënnen. Dat wier och alles gutt gaangen, wann den Ikarus op säi Papp gelauschtert hätt, wéi deen him erkläert huet, wat en net dierf maachen. Amplaz awer als Held an déi griichesch Mythologie anzegoen, ass den Ikarus awer de Jong ginn, deen ze no un d’Sonn geflunn ass.
D’Iddi fir de Film krut de Carlo wärend enger Vakanz zu Kreta. D’Entscheedung, den Ikarus als Zeechentrickfilm z’adaptéieren, war séier getraff. Vun der initialer Iddi bis zum fäerdege Film sinn awer ganzer 6 Joer vergaangen. Erausfuerderunge goufen et heibäi genuch. Déi gréissten Erausfuerderung war et, wann d’Leit bei mech koume mat engem Problem an ech direkt hu mussen eng Léisung parat hunn. Dat hunn ech immens stresseg fonnt, virun allem um Ufank. Mat de Joren huet dat awer nogelooss. Ech kennen de Film auswenneg an d’Äntwerte kommen deen Ament praktesch vum selwen, sou de Carlo Vogele.

Virun net allze Laangem, wier de Carlo selwer ee vun deene gewiescht, déi de Realisateur no senger Meenung gefrot hätten. No senge Studien zu Berlin a Paräis hat säin Ofschlossfilm "For Sock’s Sake“ nämlech d’Opmierksamkeet vu Pixar kritt, eng Joboffer huet net laang op sech waarde gelooss. Wéi hien dunn zu San Francisco ukomm ass, huet en direkt ugefaangen, u sengem éischte Film ze schaffen: "Toy Story 3". Iwwer déi nächst 7 Joer koumen eng ganz Rëtsch bekannten Animatiounsfilmer no, wéi "Cars 2", "Up" oder "Monster University"“.

De Carlo war ee vu ronn 120 Animateuren, déi bei Pixar geschafft hunn. Vue dass hien eng spezifesch Roll an dem bekannte Film hat, konnt hie sur Place wierklech just un deem Aspekt vun de Filmer deelhuelen. Well him dat awer iergendwann net méi duergaangen ass, huet hie Pixar verlooss, ass zeréck an Europa komm an huet sech als Filmrealisateur ugefaangen, z’etabléieren. Viru knapps enger Woch ass elo säin éischte Long-métrage erauskomm.