Am Filmland zu Kielen gëtt den Ament en Deel vum Projet "Bachmann & Frisch" gedréit mat an der Haaptroll der Lëtzebuerger Schauspillerin Vicky Krieps.

Si verkierpert déi éisträichesch Schrëftstellerin Ingeborg Bachmann, déi als eng vun de bedeitendsten däitschsproochege Lyrikerinnen aus dem 20. Joerhonnert gëllt. Enn de 50er, ugangs de 60er Joren hat d’Ingeborg Bachmann eng leidenschaftlech Bezéiung mam Auteur Max Frisch, déi elo an der Lëtzebuerger Koproduktioun vun Amour Fou verfilmt gëtt.

Dass d’Vicky Krieps d’Haaptroll am Film ugeholl huet, hätt virun allem domat ze dinn, datt d’Dréibuch si immens beréiert hätt. Mol eng Kéier an enger moderner Aart a Weis iwwert eng staark Frae-Perséinlechkeet ze liesen, déi an enger Zäit gelieft huet, wou et Fraen nach méi schwéier haten.

D'Dréibuch ass vun der renomméierter däitscher Margarethe von Trotta, déi de Film "Bachmann & Frisch" och realiséiert. Fir d’Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps an och de Marc Limpach, deen am Film matwierkt, ass et eng Éier, ënnert hirer Regie kënnen ze spillen.

Vicky Krieps: "Ech kann dat guer net mat Wierder beschreiwen. Dass déi Fra, déi all déi Filmer gemaach huet, déi en Universum bal opgebaut huet, a grad och Fraefilmer, feministesch Filmer, dass déi mir lo besonnesch Plaz gëtt am Zentrum vun hirem Universum, dat, jo, ass einfach eng onglaublech Éier."

Marc Limpach: "D’Margarethe von Trotta - wann ee gesäit, wat déi Fra schonn alles gemaach huet a fir si kennenzeléieren an nëmme kennenzeléieren an och mat hir däerfen ze schaffen, dat ass natierlech den Haaptattrait. An dofir ass et sou wonnerbar, datt sou eng Produktiounsfirma wéi Amour Fou et natierlech ëmmer fäerdeg bréngt, fir datt een och d’Méiglechkeet huet, mat esou Leit ze schaffen."

Den éischten Deel vum Film "Bachmann & Frisch" gouf a Jordanien, bei deels 40 Grad an der Wüüst gedréit. D’Zeenen, déi aktuell am Studio zu Kielen gefilmt ginn, weisen d’Schauspiller bannen an enger Wunneng zu Roum. Fir weider Dréiaarbechte wäert d’Filmcrew nach an Däitschland, Éisträich, d’Schwäiz an an Italien reesen.