An hirer aktueller Expo "Ceci n'est pas un Roman" an der Galerie 39 zu Diddeleng dréint sech alles ëm d'Literatur.

De Familljennumm Ronvaux dierft ville Leit aus der Bicherwelt e Begrëff sinn. D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux huet ënnert anerem 2010 de Prix d'Encouragement vun der Fondatioun servais gewonnen, 2013 de Literatur Concours. Ma d'Kreativitéit läit an der Famill: hir Schwëster Sandrine Ronvaux ass plastesch Kënschtlerin.

D'Molerin Sandrine Ronvaux huet laang Joren ënnert anerem zu New York, Madrid a Lissabon geschafft. Nodeems se sech an hirer leschter Billerserie mam Mënsch an net sengem Fangerofdrock beschäftegt huet, gëtt se des Kéier nach e Schrack méi wäit. Sechs Schrëftsteller huet se sech erausgesicht: De Romain Butti, Tullio Foragrinni, Gast Groeber, Claudine Muno, Ian de Toffoli an d'Nathalie Ronvaux.

Et koumen eng Rei Biller zustanen, deels op Holz mat Pyrogravur, deels op Pabeier. Sou wéi d'ADN vum Mënsch scho bal eng eege Sproch ass, schafft si hei mat Symboler, déi un Hieroglyphe vun den Ägypter erënneren. All Visiteur kritt e Buch als Guide. D'Recherche heifir huet si um Internet gemaach. Sou kann een sech dann op de Wee duerch Galerie maachen a mat hirem "Sketchbook" d'Wierker vun de Schrëftsteller emol anescht erliewen.

E Sonndeg de 15. Mee ass eng Lecture vun deene sechs Schrëftsteller a Presenz vun der Molerin, wou Deeler aus hire Wierker virgelies ginn, déi d'Sandrine Ronvaux an de Biller verschafft huet.