Am Kader vun Esch 2022 war e Sonndeg an der Rockhal "The Sound of Data", wou Wëssenschaft op Musek trëfft.

Eng Iddi déi de Fonds National de Recherche zesumme mat der Rockhal entwéckelt huet. An der Rockhal konnt een dowéinst e Sonndeg ongewinnte Kläng héieren. Keng Museker mä Wëssenschaftler stiechen hannert den Téin. Am Foyer vun der Concertshal waren all méiglech Ateliere wou Kläng op di verschiddenst Aart a Weise produzéiert goufen.

D'Wëssenschaftler hunn zum Beispill gewise wéi ënnerschiddlech Daten a Schall ëmgewandelt gëtt. Eng ganz Partie Acteuren aus dem Lëtzebuerger Science Secteur hunn sech un dësem Event bedeelegt, dorënner de FNR, d'Uni.lu an de LIST.