Am Kader vu senger BOATS-European Tour kënnt de fréiere Member vun "The Kelly Family" am September an den Atelier.

Dobäi wäert den iresch-amerikanesche Singer-Songwriter gréisstendeels och d'Lidder vum Album BOATS presentéieren, wourënner zwee Tracks sinn, déi op ville Radiostatiounen erop an eroflafen, "Blurry Eyes" an "Beautiful Madness".

De Virverkaf leeft um 4. Mee vun 10 Auer un um Site vum Atelier.