Am Nationalmusée an der Stad ass an Rekordzäit di nei Ausstellung vum russesche Moler Maxim Kantor organiséiert ginn.

Fir de Musée war dëst eng séier Reaktioun op den Ukrain-Krich. De Maxim Kantor befaasst sech nämlech schonn zënter 30 Joer mam Regime an Russland an dat op eng ganz kritesch Manéier. Op de Säiten vun der ASBL Lukraine stéisst d’Ausstellung awer op Protest.

An nëmme 6 Wochen ass d’Ausstellung "The Rape of Europe" am Nationalmusée op d’Been gestallt ginn. En Ausstellungsprojet, woufir de Musée an der Reegel 3 Joer brauch. Dëst war just méiglech, well si de Moler Maxim Kantor scho méi laang kennen an d’Ausstellungsraim um 4. Stack fräi waren. Fir den Nationalmusée war et deemno wichteg, sou séier wéi et geet ze reagéieren.

"Mir als Musée hunn d’Aufgab, an der Gesellschaft ze sinn a sou gutt wéi et méiglech ass d’Problematiken an Thematiken, di d’Gesellschaft vun haut interesséieren opzegräifen. Mir probéieren dat an eiser normaler Programmatioun och ze maachen wéi zum Beispill d’Ausstellung iwwert de Kolonialismus oder iwwert de Kale Krich. Bei der heiten Ausstellung war natierlech elo eng Urgence, de Krich ass jo elo réischt kuerz am Gaangen an dofir war et fir eis einfach wichteg, en Zeechen ze setzen." (Michel Polfer – Direkter MNHA)

Och well et den Ament onméiglech ass, mat engem ukrainesche Musée zesummen ze schaffen, huet de Nationalmusée sech dofir decidéiert, keng Ausstellung iwwert d’Ukrain ze maachen, mee dofir dem Maxim Kantor seng Russland an Putin kritesch Wierker ze weisen. De Maxim Kantor, deen an der Sowjetunioun opgewuess ass an awer elo schonn zënter Joerzéngten net méi an Russland lieft, erzielt ënner anerem mat senge Wierker seng perséinlech Erliefnisser.

«D'Zil vun der Konscht ass a mengen Aen, de Glawen un d’Mënschheet ze behalen an d'Stëmm vun der Mënschheet och an Zäite vu Chaos a Katastrophen ze erhiewen. Als Schrëftsteller, als Moler an als Zeechner hunn ech d’Geschicht vu menger Famill zum Sujet gemaach. Ech sinn, wann ee wëll, wéi e Chroniqueur. Ech beschreiwen Erliefnisser vu mengem Grousspapp, mengem Papp, menge Kanner, meng Fra an dat am Kontext vun der Geschicht.» (Maxim Kantor – Kënschtler)

An engem oppene Bréif huet d’ASBL Lukraine op d’Ausstellung am MNHA reagéiert, wou ënner anerem dem Maxim Kantor virgeworf gëtt, hie géif den Erléis vun der Ausstellung gläichméisseg u Familljen vun ukraineschen Affer a verstuerwene russeschen Zaldoten spenden. Mat der Gefor, datt d’Spenden an d’Fangere vun Krichsverbriecher, Vergewalteger a Mäerder geroden.

"De Maxim Kantor verdéngt hei kee Cent. Déi ganz Ausstellung ass komplett ouni Honoraire, hien huet souguer den Transport vun enger Rei Biller aus eegener Täsch bezuelt. Déi eenzeg Recetten, déi hei gemaach ginn, dat ass an der Urne, déi do steet vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, wou d’Leit en Don kënne maachen. Mir froen nämlech och keng Entrée aus Solidaritéit mat der Ukrain. D’Rout Kräiz kënnt déi Urne reegelméisseg eidel maachen an déi Suen sinn direkt beim Roude Kräiz." (Michel Polfer – Direkter MNHA)

D’Ausstellung «The Rape of Europe” leeft nach bis den 10. Oktober an weist ëm di 60 Wierker vum Maxim Kantor vun 1992 bis haut.