De Claude Lelouch ass de Realisateur vu Filmer wéi "Un Homme et une Femme", "Une belle histoire" oder "L’itinéraire d'un enfant gâté".

Hien huet mat bekannten Acteuren zesummegeschafft wéi dem Anouk Aimée oder dem Jean-Paul Belmondo. Hien ass ee vun de groussen Nimm aus dem franséische Kino an huet a senger Karriär an iwwer 60 Joer méi wéi 50 Filmer produzéiert.

2011 ass een Documentaire rauskomm "D’un Film à l’autre", eng Retrospektiv vu senge Wierker. Déi huet hie leschten Donneschdeg dunn och nach eng Kéier zu Diddeleng am Centre national de l'audiovisuel mam Public vum Owend Revue passéiere gelooss. De Claude Lelouch geet nach haut gären am léifsten all Dag an de Kino a kuckt sech Filmer vun alle méigleche Filmschaffenden un. All Wierk géif säin Deel bäidroen. D'Zukunft vum Kino gesäit hie ganz positiv, d'Konscht, Geschichten ze erzielen, géif sech zwar mat der Zäit an der Technologie änneren. Dat besonnescht, wat et leescht, wéi dat "drëtt Aen" ze sinn, bleift awer ëmmer d'selwecht.

Am Nomëtteg war nach eng Masterclass mat enger Auswiel un 12 Schauspiller. Do huet hien de jonken Acteuren Tuyaue ginn a mat hinnen Zeenen aus senge Filmer nogespillt.

D’Sarah Boleslava ass eent vun de Participanten an huet sech gefreet, mam Claude Lelouch trainéieren ze kënnen. Hire léifste Film vum Realisateur wär "L’itinéraire d'un enfant gâté".

Den Dag gouf organiséiert vun der Castinglux asbl, déi sech dofir engagéiert, d’Qualitéit an der Lëtzebuerger Filmzeen héichzehalen.