Insgesamt 8.326.891 Euro ginn an d'Produktioun vun de 14 Filmprojete gestach.

14 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Selektiouns-Comité en Dënschdeg den Owend matgedeelt.

Alles an allem sinn et 7 Filmer, 1 Animatiounsfilm, 2 Serien, 1 Animatiounsserie, 1 Kuerzfilm an 2 Virtual-Reality-Projeten, déi finanziell ënnerstëtzt ginn.

Déi gréissten Zomm, fir genee ze sinn 3 Milliounen Euro, geet un de Film "Hooped" vum Realisateur Adolf El Assal, produzéiert vu Paul Thiltges Distributions.

De Film "The Lecture" vum Kasia Adamik a Sandra Buchta, dee vun Iris Productions produzéiert gëtt, kritt eng finanziell Ënnerstëtzung vun 1,5 Milliounen Euro.

Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir am Pressecommuniqué.