De Flamenco Festival deen all Joers zu Esch gefeiert gëtt kritt dëst Joer, am Kader vun Esch 2022, eng aner Nues.

Ënnert dem Titel ARTraverse, Flamenco-Remix, gëtt vum 6te bis den 28ste Mee nees gedanzt a gesongen, an der Escher Kulturfabrik an och am Escher Theater. Ausserdeem gi Filmer gewisen, eng Konferenz gehalen, et gi gratis Workshoppen offréiert an déi neitsten Ausgab vun der spuenesch-sproocheger Revue "Abril" gëtt virgestallt. D'Paca Rimbau-Hernandez vum Circulo Cultural Antonio Machado am Interview:

Reportage Esch 2022: ARTraverse - Flamenco Remix
RTL

D'Literatur-Revue "Abril" steet dës Kéier ganz am Zeeche vum Flamenco / © Abril

RTL
RTL