«Disco dans ta cave» a «Fano» sou heeschen di zwou nei Singlen vun der Lëtzebuergescher Band No Metal in this Battle.

2011 huet sech d’Band no Metal in this Battle forméiert an iwwert di läscht Joren huet de Quartett vill am Ausland gespillt. Hire Stil ass onverkennbar an e Mix vun villen musikaleschen Genren an Influenzen. Zënter der Pandemie huet sech de Fokus vun der Band méi vum Touren an de Live Concerten missen léisen. Jammen an Experimentéieren ass doduerch méi an de Virdergrond geréckelt, an dat zäitweis souguer iwwer Zoom.

"Di Zäit hunn mir immens vill gejammed. Mir hunn ëmmer alles opgeholl an di ganzen Zäit gespillt well mir konnten jo soss näischt maachen wéi Lidder schreiwen. Do haten mir dann och Perioden wou mir eis konnten am Proufsall gesinn dat heescht mir hunn dann einfach nëmmen gespillt an gekuckt weieng Deeler een vun all deenen Jammen kann huelen. Duerch dat Zesummesetzen vun deene verschidde Momenter wou mir dann zesumme gespillt hunn sinn dann di nei Lidder entstanen. (Gianni Tono)

2021 huet No Metal in this Battle dann 2 Nei Lidder erausbruecht an am Abrëll vun dësem Joer sinn «Disco dans ta cave” an “Fano” dobäi komm.

" "Disco dans ta cave" huet mei Disco Influenzen. Mir hunn nach ëmmer eisen eegenen Stil, mee mir probéieren ëmmer nei Saachen ze sichen. Mir haten schonn deen Prozess fir ze jammen an ze experimentéieren, nei Weeër ze goen an nei Stiler ze entdecken."  (Pierre Bianchi)

"Et sollt méi danzbar sinn awer mam Esprit No Metal in this Battle. Bei verschidden Jammen konnte mir ganz séier e Lidd opbauen an anerer hunn mir ganz laang op der Säit gelooss. Iergendwann huelen mir se dann zréck an schaffen rëm drun an genau sou war et och bei "Fano". Mir haten ganz laang net méi drun geschafft."  (Gianni Tono)

"Di läscht Songs di mir elo erausbruecht hunn klengen einfach anescht well se och anescht geschriwwen a produzéiert gi sinn. Di nächst Zäit wäerten mir dat och bäibehalen, de Mix vun Proufsall, Computer Sessions an Editing, sou wéi mir dat elo di läscht Joren gemaach hunn. " (Pierre Bianchi)

No Metal in this Battle huet säi feste Proufsall an der Kulturfabrik. Deemno ass d’Kulturhaus e wichtege Lieu fir d’Museker.

"Ech hun dat Gefill datt an der läscht och hei an der Kulturfabrik vill méi passéiert an een rëm méi op d'Gruppen zougeet an se freet fir ze spillen. Allgemeng ass eng flott Entwécklung do an ech sinn ganz frou datt mir hei kënnen prouwen an zu all Zäit kënnen heihinner kommen. An et huet een och Kontakt mat deenen aneren Gruppen di hei sinn. (Marius Remackel)

Den Ament bréngt No Metal in this Battle eenzel Lidder eraus fir am Flow an Feeling vun hirem Schaffensprozess ze bleiwen. D’Iddi ass et awer soubal et geet och erëm sou vill et geet live ze spillen.