An der Valerius Gallery kritt een en Androck dovunner wéi een zwou verschidden Kënschtlerinnen an enger gemeinsamer Ausstellung verbanne kann.

D’Monique Becker ass bekannt fir hir grouss däischter Molereien an d’Sali Muller fir hir ganz speziell Technik an der Fotografie. Fir de Galerist Gerard Valerius war et deemno interessant dës beid Kënschtlerinnen dëst Joer an enger gemeinsamer Ausstellung ze weisen. Der Sali Muller hir Fotoen erënneren nämlech och un d’Molerei. D’Kënschtlerin schafft ënner anerem vill mam Spigel Effekt, de Reflektiounen an enger bestëmmter Folie fir hir zäitgenëssesch Landschaften.

"Di Folien di si zum Deel a verschiddenen Spigelen gebraucht huet, ginn op de Buedem iwwert eng Aart Relief geluecht ginn an dann gëtt mat der Luucht gekuckt an mat der Positioun vun der Kamera fir datt een dann eng optimal Landschaft gebaut kritt. Dono ginn di Fotoen um Computer iwwerschafft an ginn dann op Aluminium brossé, wei bei all Auto, gedréckt. Doduerch kritt een sou een ganz proppert an hyperrealistescht Resultat."(Gerard Valerius - Galerist)

D’Monique Becker weist eng ganz nei Serie di éischter ontypesch fir d’Molerin ass. Wierker di wärend dem éischten Confinement 2020 entstanen sinn. De Geste, d’Konzept an d’Schaffen mat der Faarf hunn zwar net geännert mee dofir d’Faarf selwer.

"Mir haten jo wéi dat ugaangen ass herrlecht Wierder a mäin Gaart doheem huet sou schéin an deene gréngen Téin geblénkt. Ech hunn amfong net immens vill Blummen bis op e puer wäiss a rosa Blummen an dunn bemol ass mir an de Kapp komm e gréngt Bild ze molen. Keen huet mir dat gegleeft mee et huet mech net méi lass gelooss. No laangem Iwwerleeën hunn ech dann mat mir selwer gekämpft fir iwwerhaapt de Courage ze hunn dat op d'Leinwand ze bréngen." (Monique Becker - Molerin)

Op der Toile schafft d’Monique Becker immens spontan. Hir Molereien entstinn mat vill Kierperasaz an d’Preparéieren vun der Toile bis hin zum Mëschen vun de Faarwen ass fir si immens wichteg. Ma genau sou wichteg sinn awer och d’Iwwerleeungen am Virfeld.

"Ech fänken meng Biller ganz oft mat enger figurativer Zeechnung un. An ech well dat erëm verstoppen. Et ass esou wéi wann ech mech plakeg an e Raum setzen an ech wëll mech herno rëm an eng Decken kuschelen. (Monique Becker)

E wichtegen Moment fir d’Monique Becker war Zesummeschaffen mam kierzlech verstuerwenen Aktiounskënschtler Hermann Nitsch. Dräi Joer war si seng Schülerin an huet deemno mënschlech an artistesch vill mat op de Wee kritt.

"Wat hien mir bäibruecht huet dat ass di Sensibilitéit di hien hat am Ëmgang mat der Faarw an der Toile. Et ass den Dialog mat dengem Kierper, et ass e Ganzt. Hien huet ëmmer zu mir gesot: Du muss dat erauskatzen! Mee et huet eng Zäit gedauert bis ech dat verstanen hat." (Monique Becker)

Am Kader vun der Ausstellung huet d’Galerie dann och extra Serigraphien vum Monique Becker hirem Wierk maachen gelooss.

"E Bild gëtt et just eemol an dann ginn et awer ëmmer Leit di et nach gären hätten mee dann ass et schonn verkaf. Dobäi kënnt datt d'Wierk och eng gewësse Gréisst huet di net fir jiddereen passt. Munchmol huet een net ëmmer di Plaz oder d'Suen. D'Serigraphie ass usech e Moyen wéi een un en méi klengt Original ka kommen. (Gerard Valerius)

D’Ausstellung «Where the sky is pink and the grass is green” kann een nach bis den 28. Mee an d’Galerie Valerius kucke goen.