Mir hunn eis ugekuckt, wien hei am Land iwwerhaapt alles Portugisesch schwätzt, well dat sinn nach laang net alles Mammesproochler.

Et ass eng Sprooch, déi een hei am Land nawell méi dacks héiert: Portugisesch. Eng Weltsprooch, déi vu puer honnert Millioune Leit geschwat gëtt an ëmmerhin an 9 Länner ass et och eng offiziell Amtssprooch. Fir dës grouss Communautéit ze feieren, gouf 2009 e sougenannte Weltdag vun der portugisescher Sprooch agefouert. Dëse gëtt zanterhier all Joers de 5. Mee gefeiert. A sou och haut.