Bei Christie’s zu New York ass e Méindeg e Bild vum Andy Warhol fir e Rekordpräis bei enger Auktioun ënnert den Hummer komm.

Fir ëmgerechent 185 Milliounen Euro gouf de berüümte Portrait vum Marylin Monroe versteet. Domat ass et dat deierst Bild aus dem 20. Joerhonnert, dat jeemools versteet ginn ass. Bis ewell war dat dem Picasso säin "Femmes d’Alger".

Bannent just véier Minutte gouf dem Andy Warhol säi Siebdruck zu New York am Auktiounshaus Christie's fir d'Rekordzomm versteet. "Shot Sage Blue Marilyn" ass am Joer 1964 no enger Fotovirlag vum legendäre Filmstar entstanen. Obwuel d'Pop-Art-Wierk esou een héije Präis abruecht huet, ass et bei der Stee nach ënnert dem geschate Präis vun 200 Milliounen Dollar bliwwen.

Christie's huet d'Wierk am Optrag vun der Thomas-und-Doris-Ammann-Stëftung zu Zürech verkaaft. De kompletten Erléis vun der stee geet deemno un d'Stëftung a gëtt fir de gudden Zweck benotzt.