E Freideg den Owend huet de Kulturzenter Cube 521 zu Maarnech senger Directrice Odile Simon Äddi gesot.

Si war déi éischt Direktesch vum nei gebauten Zentrum, deen 2007 opgaangen ass. A 15 Joer huet déi geléiert Schauspillerin, déi laang Joren an der Schwäiz an an Däitschland ënnert anerem als Dramaturgin a Regisseurin geschafft huet, e kulturelle Programm opgebaut, deen an d'Regioun gepasst huet an och seng Nisch fonnt huet. De Schwéierpunkt hat si op däitschsproochegen Theater, Jazz-Musek a vrun allem eng grouss Offer fir Kanner a Jugendtheater geluecht. Si wier e Glécksfall gewiescht fir de Cube 521 hunn déi Responsabel aus Gemeng a Verwaltungsrot gelueft. Fir d'Odile Simon war et eng besonnesch Zäit mat méi Héichte wéi Déiften, elo freet si sech op d'Pensioun.

Extrait Odile Simon

D'Nofollgerin gëtt iwwregens d'Christine Keipes, déi vun Ufank un an der Kommunikatioun vum Cube 521 geschafft huet. De ganzen Interview mam Odile Simon gëtt et nächst Woch am Kader vum Kultur-Podcast "Podpurri".