15 Bands, 70 Museker aus der ganzer Welt, véier Deeg Musek vun Donneschdes bis Sonndes: dëse Weekend ass eng lass zu Diddeleng.

Et ass déi 10. Editioun dëst Joer vum internationalen Jazz Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeleng Opderschmelz. Vun traditionellem Jazz bis zu neien Tendenzen, de Festival zelebréiert Jazzmusek ënner ville Formen. Nei CDe gi virgestallt, an nei Kreatioune ginn no enger Woch résidences d’artistes an de Public geworf. Mir hunn nëmmen zefridde Gesiichter begéint.

De Festival gëtt och de Lëtzebuerger Jazzmuseker d'Geleeënheet fir sech mat neie Wierker virzestellen. De Régis Thill huet sech mat fënnef vun hinnen ënnerhalen, an natierlech hinnen nogelauschtert.