E Weekend voller guidéierter Visitten, Atelieren, Concerten an Aktivitéite fir d'Kanner geet op en Enn.

Et ass den Objektiv, d'Potential vun de Muséeën ze exploréieren – a gläichzäiteg och fir nei Iddien ze inspiréieren. Am Kader vun der Journée internationale des musées, hu weltwäit bal 37.000 Muséeën hir Dieren dëse Weekend gratis opgemaach. Iwwer 40 dovun och vu Lëtzebuerg.

An de meeschte vun hinne war de Weekend och eng weider lass. Am Kader vun de Luxembourg Museum Days gouf et fräien a gratis Accès op permanent ewéi och temporär Kollektiounen uechter de Grand-Duché

Mir feieren dëst Joer schonn déi 25t Editioun. Wa mer eis do déi lëscht 25 Joer ukucken, da gesäit een datt de Succès an d‘Visiteurszuelen déi lëscht Joren immens eropgaangen sinn,“ esou d'Laura Zaccaria, Coordinatrice beim International Council of Museums, dem Organisateur vum oppene Weekend. „Dat éischt Joer waren et eng 2.500 Visiteuren an der Stad.“

Ganzer 15.265 Visiteuren waren et letztendlech an deenen 41 Muséeën iwwert de Weekend, wéi et e Sonndeg den Owend am Bilan vun de Luxembourg Museum Days heescht. Domat war et eng Hausse vu bal 4,5 Prozent am Verglach zum Joer virdrun.

Zuel u Visiteuren huet sech bal verzéngfacht

Hop Hop an de Musée“ ass de Slogan vum Weekend. Mëttlerweil sinn et der iwwer 20.000 Visiteuren uechter d'ganz Land. Et war d‘Occasioun de Weekend eppes iwwert de Patrimoine, d'lëtzebuergesch Konschtgeschicht, ma och an den Naturwëssenschafte gewuer ze ginn.

Ganz dacks, iwwert dat normaalt Joer kommen d'Leit fir déi temporär, also nei Ausstellungen,“ erkläert de Patrick Michaely, den neien Direkter am Naturmusée. „Mir mierken op dësen Deeg awer ganz gutt, datt ganz vill Leit an Dauerausstellunge kommen. Well se déi einfach nach ni gesinn hunn.“

A ville Workshoppe gouf et dann och e besseren Iwwerbléck iwwert dat, wat an den Ausstellungen ze fannen ass.

Et soll jo och e Bléck hannert d'Kulisse sinn. An dësem Fall hu mer zum Beispill e Paleontolog dee weist, wéi si mat Fossillen am alldeegleche Liewe schaffen. Wéi al sinn dës, wéi kënne mer dës erfuerschen.“

De Muséeë goung et och wärend der Pandemie net schlecht – mee Touristen hunn awer gefeelt.

Och wann déi grouss Touristen-Gruppe bis elo nach feelen, maache sech och déi auslännesch Visiteuren nees breet, esou och d'Coordinatrice vum ICOM:

Museum Days fanne jo ëmmer am Mee statt. Dat ass déi Period wou schonn eng Rëtsch Touristen zu Lëtzebuerg ënnerwee sinn. A wa se da beim gudde Wierder bei engem Musée laanschttrëppelen dee gratis Porte-Ouverte huet, bréngt dat nees weider Visiteuren duerch Dier.“

De Musée ass fir jiddwereen an d'Beréierungsangscht soll op dësem Weekend geholl ginn – ouni awer effektiv eppes unzepaken. D'Luxembourg Museum Days sinn all Joer den drëtte Weekend am Mee.