Am Hierscht 2008 ass Lëtzebuerg esou just laanscht eng national Katastroph gerutscht. Mat Fortis an Dexia stoungen zwou systemrelevant Banke virum Kollaps.

Den deemolege Finanzminister Luc Frieden an de Carlo Thill, CEO vu Fortis Lëtzebuerg vun 2005-2008, gehéieren zu den Haapt-Protagonisten an der Kris. Am Documentaire gi si mat aneren Acteuren en Abléck an déi brenzeleg 48 Stonnen, déi bloufen, fir d'Fortis ze retten an domadder e wirtschaftlechen a sozialen Drama am Land ze verhënneren. Knapp war d'Fortis an dréchnen Dicher, koum d'Dexia an Nout. *Ech mengen et ass Geschicht … An et ass och wichteg, datt déi Memoire vun deemools an d'Erfarungen déi gesammelt gi sinn, och weidergedroe ginn”, seet de Carlo Thill. Och wann déi Zäit net ëmmer flott fir hie gewiescht wär.

De Film beliicht déi verschidde Facette vun der Finanzkris 2008. Och betraffen Employéë kommen zu Wuert, fir iwwer de mënschlechen Aspekt ze schwätzen.

"En aschneidende Moment an der rezenter Geschicht vu Lëtzebuerg"

D'Produktioun geet op d'Joer 2019 zréck. Wéi déi zwee Realisateure Laurent Moyse a Jossy Mayor d'Interviewe fir den Documentaire opgeholl hunn, war d'Welt nach eng aner wéi haut. An awer hätt sech schonn eppes ugedeit, seet de Jossy Mayor. Si hätte Parallellen erkannt mam Crash vun 1929 an dem Opkéime vum Nationalismus an den 30er Joren an der Finanzkris 2008. "Pendant qu’on faisait le film, il y avait Trump qui montait au pouvoir, on avait Orban."

Fir de Laurent Moyse markéiert d'Finanzkris en Aschnëtt an der rezenter Geschicht vu Lëtzebuerg: "Déi Successioun vu Krisen, déi an de leschte Jore komm sinn, weisen drop hin, dass dat wierklech e Moment war, wou alles ugefaangen huet. Mir sinn elo grad an enger Period, wou mer mierken, datt d’Repercussioune vun esou enger Kris sech bis haut fillen. Wou och Lektiounen draus geléiert gi sinn, sief dat mat der Staatsschold oder mat der Interventioun vum Staat.”  

Nieft den Temoignagë vun den Haapt-Bedeelegte kommen am Documentaire och Experten zu Wuert, déi d’Situatioun vun 2008 aschätzen. An 2019, also virun der Pandemie, nei anuerdnen. Mat Konklusiounen, déi alles anescht wéi berouegend sinn - besonnesch am aktuelle Kontext.

Den Documentaire “Crise et chuchotements” leeft den 18. Mee an de Lëtzebuerger Kinoen un.