"Open Circle" heescht eng nei Expo vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, an der Galerie Schlassgoart zu Esch.

Eng Expo, déi am Kader vun Esch2022 organiséiert gouf a sech och d'Thema vun der Kulturhaaptstad zu Häerz geholl huet an e "Remix" kreéiert huet.

Expo "Open Circle" vum CAL / Reportage Claudia Kollwelter

Et ass e Projet wéi et e virdrun nach net beim CAL gouf, seet och d'Curatrice vun der Expo, d'Anne Reding. D'Iddi war et, de Cercle Artistique opzemaachen an 3 Kënschtlerduoe beieneen ze bréngen:

An ech hunn am Fong déi 3 jonk Kënschtler ausgesicht an déi 3 hu sech e Member vum CAL erausgesicht mat deem se zesumme wéilte schaffen a fir dës Ausstellung nei Konschtwierker kreéieren.

Alain Welter a Jean-Marie Biwer, Floriane Soltysiak an Tom Flick a Martine Pinnel a Sandra Lieners heeschen d'Duoen. Zanter 2019 gëtt um Projet geschafft, erkläert d'Anne Reding. Der Curatrice war et wichteg, datt déi jonk Kënschtler, déi net Member vum CAL sinn, zwar Erfarung hätten, mee net forcement e Präis krut hunn an datt se a verschidde Medie géife schaffen. D'Fotografin Martine Pinnel huet d'Sandra Lieners scho laang kannt a war ëmmer scho begeeschtert vun hirer Aarbecht. Dofir wier de Choix och ganz kloer gewiescht:

Och wëll mer dat digitaalt mam analoge verbonnen hunn. Et war och logesch, mat engem Moler zesummen ze schaffen, well Fotografie litteralement heescht: painting with light. D'Molerei also mat Fotografie ze kombinéieren, huet fir mech Sënn gemaach.

D'Grenz tëscht dem Digitalem an dem Analogen huet d'Kënschtlerin Sandra Lieners schonn iwwer Joren interesséiert. Si huet d'Aarbecht am Duo als wëllkomm Erausfuerderung gesinn:

D'Martine huet seng Expertise um Terrain gemaach an ech hunn da mat de Fotoe reagéiert a gekuckt, wéi en Deel ech wéi grouss, wéi oft, wouhin op der Foto placéieren a mat wéi enger Zort vu Molerei. Et war wéi e Staffellaf am Fong.

Déi 3 Duoen hunn zwar op ganz verschidde Manéiere geschafft - an awer ass d'Thema vun Esch22 an der Regioun op ënnerschiddlech Aart a Weisen och beim Duo Alain Welter a Jean Marie Biwer, genee wéi beim Floriane Soltysiak an Tom Flick ze erkennen, wat mécht, datt d'Ausstellung wierklech e Ganzt ergëtt an ee vill Lienen tëscht de Wierker ka maachen.

D'Expo "Open Circle" am Schlassgoart zu Esch ass nach bis de 25. Juni ze gesinn. Bis dohi sinn och eng ganz Partie Rencontere mat den ënnerschiddlechen Artisten-Duoe geplangt. De ganze Programm fannt dir ënnert www.cal.lu.

RTL

© Claudia Kollwelter