Eng Saison voller neier Entdeckungen an Emotiounen.

"Au plus près de l'émotion" ënnert deem Motto ass e Mëttwoch déi nei Saison vun de Stater Theatere presentéiert ginn, eng déi nees gutt gefëllt ass mat eegene Produktiounen, internationale Kreatiounen an natierlech och Co-Produktiounen. Nodeems d'Saison 21/22 virun allem deenen éischte sechs Méint nach staark duerch d' Pandemie impaktéiert war, kucken de Groussen Theater an de Kapuzinertheater elo mat vill Zouversiicht an Optimismus op déi nei Spillzäit.

D' Themen, déi an der nächster Saison an zwee Zyklen am Mëttelpunkt stinn, si "Vivre ensemble" an "Nouvelles Dramaturgies".

Wéi den Titel et schonn verréit, läit de Fokus beim Zyklus "Vivre ensemble" um Zesummekommen. Zesumme mam Public wëll een endlech nees schéin Momenter vum Echange a vun der Convivialitéit kreéieren a feieren. E besonnesche Wäert gëtt hei och dorobber geluecht, dass ee mat enger bonter Mëschung u Kreatiounen déi verschiddenst Communautéiten aus der Gesellschaft uschwätzt.
Am Zyklus "Nouvelles Dramaturgies" steet déi zäitgenëssesch Literatur am Mëttelpunkt.

Ganzer 53 Produktiounen op véier verschiddene Sproochen huet d'Programmatioun vun de Stater Theateren an der nächster Saison ze bidden. Den Optakt mécht d'Mozart-Oper "Die Entführung aus dem Serail" an enger neier Fassung vum Luk Perceval. Ma fir déi ganz Saison stinn an de Beräicher Oper, Theater an Danz bekannten Nimm a grouss Titelen op der Affiche.

Den Direkter Tom Leick iwwert d'Programmatioun

Nieft deene ville verschiddene Produktiounen hunn d‘Stater Theateren an der Saison 22/23 dann och nach eng ganz Rëtsch Residenzen a Laboen fir Artisten um Programm stoen. 
E grousse Wonsch vum Direkter Tom Leick war et, fir d'Lëtzebuerger Artisten an Zukunft nach méi an d'Liewe vum Theater mat anzebannen. D' "Artistes associés" fir d'Saison 22/23 sinn de Ian De Toffoli, d' Myriam Muller, d'Anne Simon, d'Renelde Pierlot an d' Elisabeth Schilling.

Artistes associé(e)s an der Saison 22/23

D'Saison 22/23 fänkt de 9. September un.