De japanesche Milliardär Yusaku Maezawa huet bei enger Stee e monumentaalt Konschtwierk vum US-Kënschtler Jean-Michel Basquiat verkaf.

Wéi d'Auktiounshaus Phillips matgedeelt huet, ass dat 5 Meter breet wierk "Untitled" vun 1982 op 70 Milliounen Dollar geschat ginn, huet awer um Enn fir 85 Milliounen de Proprietär gewiesselt. De Maezawa selwer hat d'Wierk 2016 fir 57,3 Milliounen Dollar kaf. Seng Freed war immens grouss gewiescht, ma Konscht misst "gedeelt" ginn, fir dass se en Deel am Liewe vu jidderengem ka sinn. Virun der Auktioun hat hien d'Wierk nach zu London, Los Angeles an Taipeh ausstelle gelooss.

2017 hat de japanesche Milliardär 10,5 Milliounen Dollar fir en anert Konschtwierk vum Basquiat bezuelt an domat en Auktiounsrekord opgestallt. De Yusaku Maezawa wëll eegenen Aussoen no geschwënn e Musée opmaachen, fir seng Sammlung ze weisen. Hien hat och schonn d'Contemporary Art Foundation zu Tokio gegrënnt a stoung 2017 op der Lëscht vun den 200 wichtegste Konschtsammler vun der Zäitschrëft "ARTnews".

Zulescht hat de Maezawa virun allem al Weltraumtourist Schlagzeile gemaach. Hie war am Dezember an den All gereest an hat e puer Deeg op der Internationaler Raumstatioun ISS verbruecht. D'Rees soll ronn 87 Milliounen Dollar kascht hunn. 2023 wëll hien eng weider Rees an de Weltraum maachen an de Mound ëmkreesen.