Hien ass ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Kënschtler: De gebiertegen Escher Filip Markiewicz ass den Ament dann och mat ville Genrë present.

Nieft enger Expo an der Konschthal zu Esch steet hien als Museker an Auteur op der Theaterbün fir den Optakt vum Fundamental Monodrama-Festival.

Festival Monodrama / Reportage Christiane Kremer

De Filip Markiewicz lieft a schafft an der Haaptsaach zu Hamburg, weist seng Konscht uechter Europa an ass mat sengem Musek-Projet Raftside international ënnerwee. Nach bis e Sonndeg kann ee seng Wierker an der Konschthal zu Esch gesinn. Nieft Musek a Konscht ass hien och am Theaterberäich als Auteur aktiv. Déi verschidde Medien si fir hien einfach ëmmer eng aner Sprooch sech auszedrécken. Hie mécht dann och den Optakt vun der 12. Editioun vum Fundamental Monodrama-Festival, bei deem d’Solostécker am Mëttelpunkt stinn.

Hypervolk heescht d’Stéck vum Filip Markiewicz. Eng Adaptatioun vu "Fake Fiction", datt hie viru 5 Joer zu Basel fir 17 Schauspiller geschriwwen hat. Elo ass et op eng Schauspillerin d’Lisa Schützenberger mat Museker zougeschnidden a bleift, typesch fir den Auteur, politesch- a gesellschaftskritesch.

Mat 13 Spektakelen aus 10 Länner leeft de Monodramafestival vum Freideg un iwwer 10 Deeg an der Banannefabrik.

Fir den Initiateur an Direkter vum Fundamental Monodrama Festival Steve Karier ass et eng Erliichterung, datt no 2 Joer mol nees alles soll normal lafen. Allerdéngs mécht ee sech Suergen, well grad den Theater sech, national an international ganz schwéier deet, säi Publikum erëmzefannen.

Trotzdeem bleift en zouversiichtlech an de Festival soll an Zukunft och weider lafen an an nei Hänn kommen. D'Daliah Kentges këmmert sech schonn elo mat ëm d'Coordinatioun.