De Komponist vu berüümte Filmsoundtracks wéi "Blade Runner" an "Chariots of Fire" ass am Alter vu 79 Joer gestuerwen.

Dat huet de griichesche Premier Kyriakos Mitsotakis um Donneschdeg matgedeelt.

De Vangelis war ee vun de Pionéier vun der Elektro-Musek, a krut och en Oscar fir seng Kompositiounen am Hollywood-Fim «Chariots of fire», wou den Titelsong jidderengem dierft e Begrëff sinn, wann een en héiert.

Hien huet och d’Musek gemaach fir praktesch alleguer d’Documentairen vum Jacques Cousteau.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>