Et war den Dag vun de grousse Perséinlechkeeten, déi hei "hors compétition" opgetruede sinn.

Am Lëtzebuerger  Pavillon op der Plage gesäit sech wéi all Joer de Premier a Medieminister Xavier Bettel mat de Leit aus dem Lëtzebuerger Kinomilieu.

Eng Reportage vum Joy Hoffmann

Et war eng sympathesch Renconter ouni grouss Usoen am Sënn vun der Kontinuitéit. Den Här Bettel ass mer jo da wuel och net béis, wann ech soen, dass den Tom Cruise e bësse méi "Attention" krut, als villäicht ee vun de leschte ganz groussen Hollywoodstaren.

D'Presentatioun vum TOP GUN MAVERICK mam Tom Cruise a sengem Team op den Trape war da wuel ee vun den Highlighte vum Festival. An de Festival hat esouguer keng Méi gescheit an d'"Patrouille de France" mobiliséiert. 36 Joer nom éischten Top Gun kann ee soen, dass Zeenaristen a Produzenten net am Geréngste versicht hunn, iergendeppes Neies ze maachen. De Film ass en eenzege Sammelsurium vun Hollywood-Clichéen, mat minimaler Charakterentwécklung, enger fader Libesgeschicht, erotiséierte männleche Kierperen, Bommen a Fligeren, déi geheemelt ginn, schnell Motoren, Schëffer an Jetten an eng eenzeg Glorifikatioun vun der militärescher Dominanz vun der US Airforce.

An Zäite vu reellem Krich huet dat dach e faden Nogeschmaach. Filmfans soen elo, dat wär alles puer Retro-Nostalgie fir e Kino, deen et haut esou net méi gëtt, an dat ass natierlech net falsch. Et kéint ee scho bal vun enger Parodie schwätzen, wann et net awer leschten Enns ëm puer Ënnerhalung geet, an et muss een zouginn, dass zum Schluss d'"Mission impossible" vun de Piloten, déi eng iranesch Atomzentral neutraliséiere mussen, scho spektakulär ass, wann een dann d'Gehier ausschalt a sech matrappe léisst.

Mam Realisateur David Cronenberg trëtt an den nächsten Deeg eng weider grouss Hollywood-Perséinlechkeet op a mir waarden och mat Spannung op dem Vicky Krieps säin Optrëtt als Sissy an der Lëtzebuerger Koproduktioun CORSAGE.

An net vergiessen: TOP GUN leeft schonn zu Lëtzebuerg den nächste Mëttwoch am Kino un.