Ënnert de ville Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi zu Cannes gewise ginn, stoung e Samschdeg dee wuel lëschtegste Film um Programm.

Wann ee weess, dass op Festivalle Komedien éischter seele sinn, ass esou e liichte Kascht dertëschent besonnesch wëllkomm.

Fir d'Presentatioun an enger Séance spéciale vum Animatiounsfilm "LE PETIT NICOLAS: Qu’est-ce qu’on attend pour être heureux" ass et dann och héich hiergaange mat enger honnert Kanner aus verschiddene Schoule vu Cannes op den Trapen. Si hu fir Ambiance gesuergt an d'Ekipp vum Film empfaangen. D'Staren um Teppech, niewent de Kanner waren den Alain Chabat an de Laurent Lafitte, déi d'Stëmme vum René Goscinny respektiv dem Sempé interpretéieren.

Um Zenario huet och d'Anne Goscinny, d'Duechter vum verstuerwenen Auteur vum Petit Nicolas matgeschafft. De Lilian Eche vu BIDIBULE ass de Lëtzebuerger Koproduzent vum Film. An de Studio 352 vu Conter huet un den Dekore matgeschafft.

Vum Petit Nicolas kenne mer natierlech seng sëllege Spiichten an der Famill a besonnesch an der Schoul mat senge Copainen, wéi den Agnan, Alceste, Clotère oder seng éischt Léift d'Marie-Edwige. Speziell am Film awer, dass d'Auteure vum Film Goscinny a Sempé am Zentrum vum Film stinn an dass den Nicolas sech an hiren Atelier schläicht an no an no säi Personnagen entdeckt, an déi 2 Artisten him Confidence maachen iwwer hir Aventuren an hir glécklech Kannerjoren. Dës originell Approche, mat engem Hommage un d'Artisten an hir Kreatioun, huet dem Film dann och wuel d'Éier vun enger Selektioun zu Cannes abruecht.

Fir e weidere Lëtzebuerger Film gi mer Iech Rendez-vous en Dënschdeg am Magazin. Do schwätze mer méi am Detail iwwert den héichinteressante Film CORSAGE mam Vicky Krieps als Keeserin Sissy.