Den Donneschden, den 19.Mee, huet Beetebuerg d'Fakel am Beetebuerger Schlass weiderginn un déi véiert-gréisst Stad am Land.

Wéi och schonn an de viregte Méint hu mir d'Gemeng vum Mount an hire kulturelle Programm am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad ënnert d'Lupp geholl.

Mëtt-Mee vun dësem Joer krut de Public en éischten Abléck a wat an 10 bis 15 Joer eng Kéier wäert den neie Quartier "NeiSchmelz" ginn. Lancéiert gouf dëse Projet 2005, wéi Arcelor-Mittal säi Walzwierk hei endgülteg zougemaach huet. 17 Joer méi spéit huet dat éischt Gebai elo seng Diere fir de Public opgemaach: de "VeWa". Dat ass eng Ofkierzung fir "Vestiaires-Wagonnage" a weist op déi fréier Funktioun vun dësem Lieu hin. Renovéiert gouf d'Hal vum DKollektiv an den Awunner aus der Ëmgéigend. An der Tëschenzäit ass d'Gebai zougänglech gemaach, ma Aarbecht géif et nach genuch ginn an all Mënsch wier wëllkomm ze hëllefen. Am Géigenzuch, kéint een de Lieu notzen, fir zum Beispill un Ausstellungen ze schaffen, "Jam-Sessions" z'organiséieren, a sou weider. De Plang wier et, de "VeWa" zum kulturelle Mëttelpunkt vun deem neie Quartier ze maachen.

Vue dass dëse jo soll Co2-neutral ginn, huet een och scho bei de Renovatioune vum "VeWa" opgepasst, wat ee benotzt huet. Praktesch alles, wat een hei virfënnt, war schonn um Site oder ass recycléiert, gouf e bësse rafistoléiert a gëtt fir eng nei Funktioun genotzt. Aus enger Leeder gouf zum Beispill e Lüster, aus de Containere vum "Food For Your Senses" Festival goufen Atelieren an aus engem ale Waggon gouf eng Kichenette.

Niewent deem neie Gebai bitt Diddeleng awer och e vollgepaakte Kulturprogramm u mat enger ganzer Rëtsch Festivaller an Ausstellungen. Den Optakt vun der Festivalssaison huet de "Like a Jazz Machine" gemaach, deen dëst Joer vum sougenannten "jazzXchange" Programm profitéiert. Am Ganze goufe 6 Museker - 2 vu Lëtzebuerg, 2 vun Novi Sad an 2 vu Kaunas - erausgesicht, déi e Programm op d'Been gestalt hunn. Dëse Programm gouf elo zu Diddeleng presentéiert, éier se am Juni op Kaunas an am Hierscht op Novi Sad fueren, wou se e wärend enger Kënschtlerresidenz weider ausschaffen a presentéieren. Schlussendlech komme se dann erëm op Diddeleng, fir dat ganzt Wierk opzehuelen an als Album ze verëffentlechen.

An der Tëschenzäit jot zu Diddeleng ee Festival deen nächsten. Niewent der "Fête de la Musique" an dem "Zeltik", ass Diddeleng nämlech och um Lancement vum neien "USINA" Festival bedeelegt, bei deem, ënner anerem, King's of Leon optrieden.

Doniewent sinn zu Diddeleng och eng Rëtsch Ausstellungen amgaangen, ënner anerem d'"Stëmme vun der Schmelz". Dee Projet gouf vum Kënschtler Michel Feinen an der Scenografin Anouk Schiltz ausgeschafft. Involvéiert waren 19 Zäitzeien, déi iwwer hir Experienzen op der Schmelz gezielt hunn. D'Resultat vun dëser Dokumentatioun gesäit een nach bis Ausgangs dës Joers am Pomhouse an am Waassertuerm.

D'Laurie Kremer an d'Jennifer Muller vun der "Industriekultur CNCI asbl" werfe wärenddeem e Bléck op d'Fraen, déi zu där Zäit am Minett gelieft hunn an interesséiere sech fir d'Thematiken a Weeër, déi dës Fraen interesséiert bezéiungsweis gemaach hunn. All Thema krut säin eegent Haischen an der Ausstellung, fir och de Fraen hir Roll an der Lëtzebuerger Geschicht z'ënnersträichen.

De ganze Programm vun der Gemeng Diddeleng fënnt een um Site esch2022.lu oder dudelange2022.lu