Am Virfeld ass jo scho vill iwwert déi Lëtzebuerger Koproductioun "Corsage" geschwat, ginn an deem d'Vicky Krieps déi éisträichescher Keeserin spillt.

Fir dir direkt a kuerz ze äntweren a keng weider Spannung opkommen ze loossen: Excellent an allen Hisiichten! Fir ons hätt de Film och eng Plaz an der Competitioun verdéngt gehat.

CORSAGE huet natierlech näischt mat de romantesche Sissi-Filmer aus de 50er Joren ze dinn. De Film weist éischter, wéi d'Keeserin versicht, als Fra sech par Rapport zu de strikte Reegele vum Haff ze behaapten an awer och eens muss gi mat hirem Image, hirer offizieller Representatioun, woubäi um Enn vum 19. Joerhonnert d'Fotographie an e bëssen anachronistesch och de Film ufänken, eng  Roll ze spillen.

Op CORSAGE an déi aner Lëtzebuerger Filmer komme mer e Samschdeg am NO ART zeréck a mir maachen do natierlech och e Bilan vum Festival, a besonnesch vun de Kompetitiounsfilmer.