De Cronenberg ass schonns fir déi 7. Kéier hei zu Cannes ugetrueden, 6 mol mat senge Filmer, dorënner "Crash", fir deen en 1996 de Jury-Präis krut.

Och seng  Interprete Lea Seydoux, Kristen Stewart a Viggo Mortessen hunn hir Gewunnechten hei op den Trapen. "Crimes of the Future" spillt an enger noer Zukunft, wou de mënschleche Kierper sech transforméiert a reegelrecht mutéiert huet, mat neien Organer. An et spiert een och keng Péng méi. Eng Artist-Koppel organiséieren avant-gardistesch Performance-Spektakelen, an deene se mutéiert Organer erausoperéieren. Dat Ganzt gëtt vu Beamte vun engem nationalen Organe-Regëster surveilléiert, besonnesch wou d'Gefor besteet, dass nei Evolutiounen net just zu Konschtzwecker ausgenotzt  ginn.

De Cronenberg huet sech zënter de 70er Joren a sengen allermeeschte Filmer wéi dem Zombiefilm "Rage", méi rezent "The Fly" oder a sengem beschte Film "Crash" mat der Transformatioun vum mënschleche Kierper beschäftegt.

"Crimes of the future" ass eng nei Variatioun op dëst Thema, mat Biller, déi haut allerdéngs net méi schockéieren. De Film wierkt wéi aus de 70er Joren an de Cronenberg exposéiert virun allem existenziell a philosophesch Konzepter iwwert Konscht, Sex, Schéinheet, esouguer de Klimawandel.

Dobäi sinn d'Handlung a seng Personnagen bedeitend manner komplex wéi seng Iddien.

"Crimes of the Future" ass also éischter e Film fir nozedenken, wéi fir ze erliewen. D'Fane vum Cronenberg wäerte sech awer bestëmmt direkt um Mëttwoch op de Film stierzen, wann en zu Lëtzebuerg am Kino erauskënnt.

RTL