D'Lëtzebuerger Fotografen- a Kultur-Zeen verléiert mam Edouard Kutter ee vun hire wichtegste Vertrieder.

Am Alter vu 87 Joer ass d'lescht Woch de Fotograf, Galerist an Artist Edouard Kutter verscheet, deen och Editeur vun Dosende Fotosbicher war.

Vun de 60er Joren u war den Edouard Kutter ënnert anerem offizielle Fotograf vum Haff. Dës Fotoen, grad wéi de Rescht vu senger impressionnanter Sammlung, sinn 1986 als Donatioun un d'Stater Fotothéik iwwerreecht ginn.

Absënns geschichtlech relevant sinn déi zegdausende Fotoen, déi de Kutter iwwert d'Liewe vu Land a Leit realiséiert huet - Opnamen aus dem deeglechen Aarbechtsliewen a Landschaftsfotoen.

Dorënner waren och d'Clichéë vum Papp, dem Edouard Kutter Senior, deen zanter 1918 d'Liewe vun der groussherzoglecher Famill begleet an dokumentéiert hat. De Monni vum Edouard Kutter war de bekannte Moler Joseph Kutter, deen 1941 verscheet ass.

De Stater Atelier vun der Fotografen-Famill Kutter war an der Avenue Monterey an duerno an der Neier Avenue. Déi bekannt Kutter-Konschtgalerie gouf et an der Biedergaass.

Den Edouard Kutter hannerléisst seng Fra a seng zwee Kanner Brigitte an Edouard.

Weider Fotoe vum Edouard Kutter kënnt Dir Iech hei um Site vum Nationalarchiv ukucken.