No de schwéieren Iwwerschwemmungen am Juli d'lescht Joer mécht den Abteimusée vun Iechternach elo seng Dieren erëm op.

De Musée, deen am Keller vun der Abtei ass, hat jo missen temporär zougemaach ginn, fir kënne renovéiert ze ginn. En Donneschdeg mécht de Musée seng Dieren dann erëm fir de Public op. Deen Dag ass den Entrée dann och fräi.

Ausserdeem gi gratis Visitten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch a Portugisesch organiséiert. Op méi wéi 755 Metercarré gëtt hei gewisen, wéi Iechternach zu Zäite vun de Réimer oder dem hellege Willibrord ausgesinn huet.

De ganze Communiqué iwwert d'Reouverture vum Abteimusée kënnt Dir hei noliesen.

No Iwwerschwemmungen: Iechternacher Abteimusée mécht de 26. Mee erëm op

Zënter 1987 gëtt et schonns den Iechternacher Abteimusée.

Wéi et bei ville Leit de Fall war, konnte sech och d’Responsabel vum Iechternacher Abteimusée 2021 net richteg op d’Iwwerschwemmunge virbereeden. Direkt iwwerschwemmt gouf de Musée zwar net, ma d’Waasser huet sech awer säi Wee gesicht. De Conservateur Alex Langini erkläert: "Hei koum et an der Nuecht, de 15. Juli, wou d’Iwwerschwemmunge waren, do ware mer gutt ewechkomm, et war nach e puer Zentimeter ewech vum leschten Träpplek, an der Nuecht ass et dunn awer komm duerch de Buedem erop, dunn haten mer och guer net domat gerechent, et war och séier fort, mee d’Fiichtegkeet war hei. Déi ass dunn eropgaangen op 96%."

Fir de Raum erëm dréchen ze kréien, missten Dag an Nuecht Loftentfiichter an duerno och Ventilatoren am Abteimusée lafen. Trotzdeem huet d’Fiichtegkeet seng Spueren hannerlooss:

"De gréisste Schued war un der Technik. An da wéi gesot alles heibanne verschimmelt. Dat ass dann och vun enger Restauratrice professionell gebotzt ginn, sou dass och de Schimmel komplett ewechgaangen ass."

Wéi héich de geneeë Schued ass, kënnen d’Responsabel vum Musée awer net soen. Si wëssen awer, datt eleng d’Käschte fir d’Restauratioun schonns bei 15.000 Euro géinge leien.

Op déi nächst Iwwerschwemmung wéilt ee sech gäre besser virbereeden. Et wësst een awer net, wéi een dat maache sollt, den Alex Langini:

"Preventiv Mesurë si gutt, mee mer wëssen net wéi. Mer wëssen net, wou d’Waasser eropkomm ass. Wann dat elo een Egout wär, da wär et relativ einfach oder eng Toilette. Mee dat wësse mer eben net. Hei sinn eng ganz Partie Souterrainen, déi net bekannt sinn. Et ass eng Plaz, wou zënter 2.000 Joer gebaut gëtt, sou datt een net all Eenzelheete kennt.»

E Bléck op de Rescht vun der Stad weist, datt bal ee Joer no den Iwwerschwemmungen d’Aarbechten nach ëmmer net ofgeschloss sinn. D’Fiichtegkeet an de Mauere wier ëmmer nach e Problem.

Dozou de Ricardo Marques, 2. Schäffe vun der Gemeng Iechternach:

"Et kann een usträichen, mee et bréngt näischt. Et muss ee waarden, bis dass d’Fiichtegkeet richteg eraus ass. Dat ka Méint laang daueren. Et si vill Familljen, déi am Rez-de-Chausée liewen, wou se lo déi éischt Miwwele kréien, wou se nach waarden, bis d’Mauere wierklech dréche sinn ..."

Fir d’Gemeng eleng läit de Schued den Ament bei iwwer 20 Milliounen. Euro. De gesamte Schued, wou och privat Leit a lokal Betriber mat abezu gi sinn, ass awer nach méi héich.