Nom enorme Succès vum éischten Deel aus dem Joer 2019, kritt déi Oscar-priméiert Comic-Verfilmung "The Joker" eng Suitte.

Dat huet den US-Regisseur Todd Phillips mat Hëllef vun enger Foto op Instagram annoncéiert, ze gesinn wuel de Cover vun engem fäerdegen Dréibuch. Op roudem Hannergrond stinn d'Wierder: "Joker: Folie à Deux, geschriwwe vum Scott Silver an Todd Phillips". Déi zwee si scho fir den éischten Deel vum Film responsabel.

"Folie à deux" ass en Ausdrock fir eng gemeinsam psychotesch Stéierung. Dobäi entwéckele Persounen, déi sech nostinn, gemeinsam Wanvirstellungen.

Wie sech elo schonn op Deel 2 vum "The Joker" freet, dierft elo ganz aus dem Haischen sinn. Eng zweet Schwaarz-Wäiss-Foto um Instagram-Profil vum Todd Phillips weist nämlech keen anere wéi de Joaquin Phoenix op enger Fotell, verdéift an d'Dréibuch, wéi e grad eng Zigarett fëmmt. Et läit also no, dass de Schauspiller op en Neits an d'Roll vum Psycho-Clown wäert schlüpfen, déi him 2020 en Oscar als "beschten Haaptacteur" abruecht hat.

D'Roll als Joker huet dem Schauspiller esou munches ofverlaangt: De Pheonix huet 24 Kilo Kierpergewiicht verluer, dovun ofgesinn, dass hie sech laang an detailléiert op dës Roll preparéiert huet. Dat hätt Auswierkunge op seng eege Psych gehat, hat de Schauspiller emol selwer erkläert.