Wëll am Animatiounsfilm "Lightyear" ee Kuss tëschent zwou Fraen ze gesinn ass, gëtt de Film net an den Vereenegten Arabeschen Emirater gewisen.

Zwar gëllt de Golfstaat als relativ méi liberal wéi seng Noperen, mä trotzdeem kontrolléieren eng ganz Rei Restriktiounen dat soziaalt a kulturellt Liewen. Sou och am Fall vum neiste Pixar-Film, deen de 16. Juni an de Kinoen ulafe soll.

Obwuel et uechter d'Stroosse vun Dubai schonn Affichë gëtt, déi "Lightyear" ukënnegen, huet den zoustännege Ministère fir Kultur a Jugend d'Opféierung vum Film strikt ënnersot. Réischt virun engem hallwe Joer huet et vun den Emirater geheescht, Filmer géinge net méi zenséiert ginn, mä just nach den entspriechenden Altersgruppen no klasséiert ginn, nodeems den Inhalt gepréift gouf.

Zensur ass am arabesche Raum näischt Neies, virun allem an der extrem konservativer Golfregioun gi Filmzeenen, déi als obszön consideréiert ginn, reegelméisseg geschnidden oder komplett verbueden. Am Abrëll beispillsweis huet Saudi-Arabien bei Disney ugefrot, fir "LGBTQ-Referenzen" aus dem Film "Doctor Strange in the Multiverse of Madness" ze suppriméieren.