Sangen, danzen an an engems schauspilleren, Musical ass sou eppes wéi d‘Kinneksklass vum Theater.

Hei muss een 3 Disziplinnen an enger beherrschen. An dofir brauch et dann och eng uerdentlech Formatioun. Op de grousse Musical-Schoule ronderëm d‘Welt dauert dat bis zu 5 Joer, ier ee prett ass fir op déi grouss Büne vum Broadway zu New York oder dem Moulin Rouge zu Paräis.

Eent, dat et viru 15 Joer gepackt huet, ass d‘Magali Dahan. An dofir wëll si elo jonken Nowuesstalenter hei zu Lëtzebuerg d‘Méiglechkeet ginn, sech hei schonn ee Joer pre-forméiere ze loossen. All Weekend soll vun Oktober un dës Formatioun starten an et ass am ganze Plaz fir 20 Leit. D‘Castinge sinn awer nach ëmmer op a wann ee Loscht huet, sech selwer virzestellen an do dobäi ze sinn, da fënnt een zousätzlech Informatiounen op www.altrimenti.lu.