D'Stater Gemeng huet en Dënschdeg de Moien de musikalesche Programm fir den 22. an 23. Juni verëffentlecht.

Wéi Eldoradio schreift, wäerten den DJ "Alle Farben" um Virowend vun Nationalfeierdag um Glacis optrieden, dat zesumme mat dem Maximillion b2b Riven an Ogazón.

Den 23. Juni ass dann op der selwechter Plaz de brittesche Blues-Soulsänger Rag'N'Bone Man den Headliner. Nieft him trieden awer och verschidde Lëtzebuerger an och auslännesch Kënschtler op, wéi d'Claire Parsons an d'Emeli Sandé.