Eng Vertrauensrelatioun tëscht Artisten, kulturellen ASBLen, Institutiounen an dem Public schafen - dat soll en Deontologie-Code fir kulturell Strukturen.

D'Charta, déi en Dënschdeg presentéiert gouf, soll dann och d'artistesch an intellektuell Onofhängegkeet vun allen Institutioune garantéieren. Viséiert sinn d'kulturell Strukturen, déi e staatleche Budget kréien oder eng Konventioun mam Kulturministère signéiert hunn. Aner ASBLen an Institutioune kënnen der Charta fräiwëlleg bäitrieden.

8 Wäerter ginn an der neier Kultur-Charta fixéiert: dat sinn ënnert anerem d'Integritéit, d'kulturell Diversitéit, de Respekt, d'Kompetenz an d'Transparenz.

Interessant ze bemierken, ass, datt et bis zum Dag vun der offizieller Presentatioun en Dënschdeg keng offiziell Signatairë vun der neier Charta ginn - kritesch Insider froe sech och, wat se mat deem Text sollen ufänken a schwätze vu Symbolpolitik, déi um Terrain net vill bréngt.