"C'est inspiré du moment de la journée quand il y a un bleu électrique dans le ciel et une minute de silence dans la nature."

Esou dem franséische Kënschtler Dimitri Mallet seng Erklärung. D'Installatioun gouf 2016 fir d'éischt Kéier a Frankräich presentéiert. Vue dass d'Thema vun der Installatioun u sech en Naturphenomen ass, wier d'Zil awer ëmmer gewiescht, d'Stéck a fräier Natur ze weisen. Am Kader vun Esch2022 huet hie sech du mam Sergio Carvalho ("2001") zesumme gedoen, fir d'Installatioun am Ellergronn z'installéieren.

Fir dat kënnen ze maachen, hu si eng speziell Holzkonstruktioun fir d'Installatioun ugefäerdegt. Begleet gëtt dës vun enger Plattform, op där reegelméisseg Evenementer, Konferenzen, Atelieren a Renconteren organiséiert ginn.

"L'idée est de faire un état de lieu culturel, social et politique aujourd'hui et de réfléchir ensemble quel sera notre avenir et comment on peut le construire d'une manière un peu plus vertueuse", esou den Dimitri Mallet.

Méi Informatiounen zu deene verschiddenen Evenementer ginn et op hirem Site.