Well sech zwou weiblech Figure kussen, dierf den Animatiounsfilm an enger Partie Länner, dorënner Ägypten an a Saudi-Arabien, net an de Kinoe gewise ginn.

Disney soll refuséiert hunn, dës Zeen aus dem Film erauszeschneiden a wëll den Animatiounsfilm op alle Mäert ubidden, "wéi en ass", mellt AFP. Schonn e Méindeg haten d'Opsiichtsautoritéite vun den Vereenegten Arabeschen Emirater erkläert, de Film géing géint "d'Standarde vum Land" verstoussen. Nach virun engem hallwe Joer haten d'Vereenegt Arabesch Emirater annoncéiert, international Kinosfilmer an Zukunft net méi zenséieren ze wëllen. Amplaz sollt fir verschidde Filmer eng Altersgrenz vun 21 Joer ageféiert ginn. "Lightyear" dogéint gëtt awer ganz verbueden.

A Malaysia dierf de Film net gewise ginn, wa keng Kierzunge virgeholl ginn. "Et ass net ubruecht, déi zwou Zeenen ze weisen, a se sinn net fir Kanner geduecht", sou ee Beamte vun de Film-Zensur-Autoritéiten, deen net mam Numm wollt genannt ginn. Aner Länner, an deenen den Animatiounsfilm an de Kinoen ënnersot ass, si Bahrain, Irak, Jordanien, Kuwait, Libanon, Oman, palestinensesch Gebitter, Katar, a Syrien.
 
Indonesien huet AFP géintiwwer erkläert, si hätten de Film net direkt verbueden, awer "de Bedreiwer vum Film geroden, un hire Public an Indonesien ze denken, wou eng LGBT-Kusszeen nach ëmmer als sensibel gëllt". Och hei soll Disney keng verännert Versioun vun "Lightyear" ugebueden hunn.

En Donneschdeg soll den Animatiounsfilm a ville Kinoe weltwäit ulafen. Medieberichter no gouf den homosexuelle Kuss ugangs vun Disney erausgeschnidden. Nodeems Mataarbechter protestéiert hunn, wier d'Kusszeen nees agesat ginn.