En Theaterstéck iwwer Neoliberalismus an en Hip-Hop-Stéck mat Album-Release "Knëppelsteng zu Räppeldeng" fir Kanner vu 7 Joer un.

"Gipfelstürmer" 16. - 24. Juni am Kasemattentheater

Wat ass Neoliberalismus? E Wuert, datt ëmmer a politeschen Diskussiounen a Kritike ronderëm de Kapitalismus gebraucht gëtt. 
1947 no Weltwirtschaftskris a Weltkrich gëtt an de Staaten no sozialstaatleche Forme gesicht. An engem klengen Duerf an der Schwäiz "Mont Pélerin" grënne neoliberal Denker bei engem Colloque déi sougenannte "Mont Pèlerin Society".

RTL

© Kasemattentheater

Am Calle Führ sengem Stéck "Gipfelstürmer" gëtt d'Success-Story vun dëser Wirtschaftstheorie op eng ongewéinlech Manéier erzielt. Et ass eng Zort Theater-Roadtrip duerch déi lescht 80 Joer Geschicht vun der westlecher Welt, an där Theme wéi Intrigen oder Korruptioun net ausgeschloss sinn.

Extrait "Gipfelstürmer"
am Kasemattentheater

Et spillen ënnert der Regie vum Marco Damghani de Pitt Simon, Philippe Thelen an d'Nora Zrika.

D'Virstellunge sinn am klimatiséierten Kasemattentheater tëscht dem 16 an dem 24. Juni um 20 Auer.

RTL

© Kasemattentheater

"Nikki Ninja  & Afrobeathoven" an der Abtei Neimënster 

Hip Hop a Rap op Lëtzebuergesch, dat gëtt et zënter Joren. Awer nach net fir de ganz jonke Publikum.
De Metteur en scène Dan Tanson, d'Sängerin Nicool an de Museker Pol Belardi presentéieren dëse Weekend an der Abtei Neimënster de Spektakel "Nikki Ninja & Afrobeathoven".

RTL

© Abtei Neimënster

Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet d'Nikki, dat um klengen Duerf Räppeldeng opwiisst an endlech wëll d'Welt entdecken. Als Superheldin Ninja, dat mat Wierder a Reimen kann ëmgoen, mécht et e richtegt Fest op der Bün, erzielt vun de Leit, déi et begéint, vun deem, wat et alles erlieft an de witzege Geschichten vu Räppeldeng.

RTL

"Nikki Ninja & Afrobeathoven" / © Abtei Neimënster

De Spektakel kann een de Weekend bei de Portes Ouvertes an der Abtei Neimënster gesinn.
Dat ass och gläichzäiteg de Release vum Album. D'Lidd "Blablabla" ass schonn den 3. Juni erauskomm.